Aktuelles

Hannergrënn iwwer déi lokal, national an international Aktualitéit. Um 6:20, 7:20, 8:23, 09:20 Auer.

Leit, déi vum Shutdown an den USA betraff sinn

De Government Shutdown an den USA ass elo a senger véierter Woch, an et ass keen En a Siicht. D'Positioune bleiwen déi nämmlecht. Den US-President Donald Trump wëllt genuch Suen am Budget vum Kongress, fir eng Mauer kennen tëschent den USA a Mexiko ze bauen. D'Demokraten am Kongress refuséieren dës Demande, an esou ass et dozou komm, datt Honnert Dausenden amerikanesch Staatsbeamten net bezuelt ginn a gesot kruten, si sollen doheem bleiwen. Ganz trist ass et an der amerikanescher Haaptstad. Zu Washington sinn all déi grouss Muséeë wéinst feelende Sue bis op Weideres zou. De radio 100,7 Korrespondent Philip Crowther huet fir dës Reportage Leit getraff, déi vum Shutdown direkt affektéiert sinn.

Rezent Emissiounen

Dossieren

  • Sozialwahlen 2019

    Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.

  • Pierre Werner

    "Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen