Aktuelles

Hannergrënn iwwer déi lokal, national an international Aktualitéit. Um 6:20, 7:20, 8:23, 09:20 Auer.

Intern Kritike beim MUDAM: politesch Reaktiounen

Déi nei Kritiken un den Aarbechtskonditiounen an u Personal-Entscheedungen am MUDAM suergen dofir, datt de Musée fir zäitgenëssesch Konscht erëm an de Schlagzeilen ass.

Een anonymme Bréif mat Kritiken a Virwërf un d'Adress vun der Direktioun vum Musée d'Art Moderne Grand-Duc Jean um Kierchbierg war virgëschter ëffentlech ginn.

Éischt politesch Reaktiounen dorop goufen et gëschter, no der Sitzung vun der Chamberkulturkommissioun. De Serge Kesseler informéiert.

Rezent Emissiounen

Dossieren

  • Sozialwahlen 2019

    Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.

  • Pierre Werner

    "Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen