Musek am Gespréich

Et entstinn ëmmer erëm nei Initiativen, während gläichzäiteg al Formater a Fro gestallt ginn. Lëtzebuerger Museker doen ëmmer nees mat neie Projete vu sech schwätzen a Weltstare visitéieren a reegelméissegen Ofstänn de Grand-Duché. E variabelt Format fir alles dat, wat déi klassesch Musek zu Lëtzebuerg ubelaangt, gekoppelt mat der passender Musek.

D'Geiistin Ye-Eun Choi

D'Geiistin Ye-Eun Choi ka schonn op eng gutt gefëllte Carrière zeréckblécken. Si kënnt net aus enger Musekerfamill, mee Musek war ëmmer präsent. Nieft dem Piano entdeckt d'Ye-Eun Cho och fréi d'Gei, en Instrument, dat hir richteg un d'Häerz gewuess ass. Hir éischt Léierin a Südkorea ass vun hirem Talent beandrockt. Et dauert net laang, an d'Ye-Eun Choi reest mat 16 Joer op München, fir der Anne-Sophie Mutter virzespillen. Eng Initiativ, déi deem jonke Meedchen seng Carrière lancéiert. Mëttlerweil ass d'Geiistin bei alle groussen Orchesteren zu Gaascht. An der Philharmonie um Kierchbierg war si schonn zweemol - fir d'lescht am Dezember 2018 mam Orchestre de Chambre du Luxembourg.

 

Rezent Emissiounen

Programm

Net verpassen

Dossieren

  • Weltdag vun de Kannerrechter

    Den 20. November ass de Weltdag vun de Kannerrechter. De radio 100,7 presentéiert an deem Kader verschidde Reportagen an Interviews, fir iwwer d'Rechter vun de Kanner opmierksam ze maachen.

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen