Musek am Gespréich

Et entstinn ëmmer erëm nei Initiativen, während gläichzäiteg al Formater a Fro gestallt ginn. Lëtzebuerger Museker doen ëmmer nees mat neie Projete vu sech schwätzen a Weltstare visitéieren a reegelméissegen Ofstänn de Grand-Duché. E variabelt Format fir alles dat, wat déi klassesch Musek zu Lëtzebuerg ubelaangt, gekoppelt mat der passender Musek.

D'Geiistin Ye-Eun Choi

D'Geiistin Ye-Eun Choi ka schonn op eng gutt gefëllte Carrière zeréckblécken. Si kënnt net aus enger Musekerfamill, mee Musek war ëmmer präsent. Nieft dem Piano entdeckt d'Ye-Eun Cho och fréi d'Gei, en Instrument, dat hir richteg un d'Häerz gewuess ass. Hir éischt Léierin a Südkorea ass vun hirem Talent beandrockt. Et dauert net laang, an d'Ye-Eun Choi reest mat 16 Joer op München, fir der Anne-Sophie Mutter virzespillen. Eng Initiativ, déi deem jonke Meedchen seng Carrière lancéiert. Mëttlerweil ass d'Geiistin bei alle groussen Orchesteren zu Gaascht. An der Philharmonie um Kierchbierg war si schonn zweemol - fir d'lescht am Dezember 2018 mam Orchestre de Chambre du Luxembourg.

 

Rezent Emissiounen

  • Den Enseignement musical zu Lëtzebuerg

    Kënnt eng Solfègereform? Soll Lëtzebuerg e Museksstudium kréien? Wéi eng Roll kéinten d'Schoulen am Enseignement musical spillen?

  • Den Arend Herold

    Déi musikalesch Visittekaart vum Direkter vum Institut européen de chant choral

  • Den Trio O3

    Lydie Thonnard (Flütt), Eugénie Defraigne (Cello) a Léna Kollmeier (Piano)

  • De Pierre Nimax sr

    Am Gespréich mam Pianist, Komponist a laangjäregen Dirigent vun der Militärmusek

Programm

Dossieren

  • Europawahlen 2019

    Vum 23. bis de 26. Mee gëtt an der EU en neit Europaparlament gewielt. Zu Lëtzebuerg gëtt Sonndes, de 26. Mee gewielt. De radio 100,7 bericht iwwer d'Kandidaten an d'Enjeue vun dëse Wahlen.

  • Festival de Cannes 2019

    Alleguer d'Artikele vum Festival de Cannes 2019.

Communiquéen

  • Un nouveau directeur pour la radio 100,7

    Lors de sa réunion du mardi 26 mars 2019, le Conseil d'administration de l'Établissement de Radiodiffusion Socioculturelle a nommé Marc Gerges comme nouveau directeur de la radio 100,7.

  • radio 100,7 revue par ses pairs

    A la demande de la radio 100,7, l'Union Européenne de Radio-Télévision a procédé à une "revue par les pairs" des opérations de la radio 100,7.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen