Déjà Vu

Mat en etleche Joer Ofstand gi Kult-Albummen aus der Geschicht vu Rock, Pop an Jazz nach emol ënnert d'Lupp geholl. Fir erëmzehéieren mat neien Oueren oder als Entdeckung fir déi, déi se deemools verpasst haten.

Ian Dury - New Boots and Panties!!

1977 - de Centre Pompidou mécht seng Dieren fir d'éischte Kéier op, den Elvis Presley spillt säi leschte Concert, an en exzentresche Londoner iwwerrascht d'Musekszeen mat enger loucher Mëschung aus Punk, Funk, Disco, Music Hall a vill, ganz vill Inuendo. Dem Ian Dury säin Album "New Boots and Panties!!". Presentéiert vum Jamie Reinert.

Rezent Emissiounen

  • Perfect Strangers - Deep Purple

    "Knocking at your Back Door" a "Perfect Strangers" aus dësem Album sinn haut nach beléifte Live-Klassiker.

  • Revolver - The Beatles

    Den Album (1966) gëtt als éischt méi experimentellt Wierk vun de Fab Four bezeechent. Love, Peace ... an eng gutt Portioun Illegales si mat am Spill!

  • Street Fighting Years - Simple Minds

    Ee vun de politesch engagéierste Museksprojeten aus deene leschten 30 Joer

  • The Joshua Tree - U2

    Den Album weist der Band hiren Engagement géint Ongerechtegkeeten an der Apartheidspolitik, fir d'Asetze bei humanitäre Problemer an den Ëmweltschutz hinn.

  • Hotel California - The Eagles

    De 5. Studioalbum (1976) verkeeft sech weltwäit eng 32 Millioune Mol. Eleng den Titelsong ass Kult ginn!

  • After The Goldrush - Neil Young

    Kuerz nodeems de Neil Young den Trio Crosby, Stills a Nash ergänzt, brengt de Kanadier am September 1970 dësen drëtte Solo-Album eraus.

  • The Lamb lies down on Broadway - Genesis

    En dueblen Album mat Theme wéi Perséinlechkeetsspaltungen, Paradäis, Hell, Wouerecht a Fantasie

  • So - Peter Gabriel

    No Genesis hat de Peter Gabriel kee Problem, fir am Rock- a Popgeschäft Fouss ze faassen. Mat senge Solowierker huet hie Kritiker a Fans begeeschtert.

  • Tommy - The Who

    De Studioalbum (1969) geet als déi erfollegräichste Rockoper an d’Musekgeschicht an.

  • A Night at the Opera - Queen

    Den Album gehéiert zu de beléifste vun der Rock Band. Progressive Rock, Balladen a Music Hall Stiler, wéi Hard Rock Nummere sinn drop ze fannen.

  • The Doors - The Doors

    Mat "Light My Fire", "The End", "Break On Through" oder dem Brecht/Weil-Titel "Alabama Song" iwwerzeege The Doors op hirem Debutalbum.

  • Brothers in Arms - Dire Straits

    Ee vun deenen éischten Albumen aus der Rockgeschicht, deen 1985 als CD an och komplett digital opgeholl gouf.

  • The Songs Of Leonard Cohen - Leonard Cohen

    Fieder + Gittar: dem kanadesche Schrëftsteller säin Debutalbum gëtt 1967 en enormen Erfolleg am Beräich Songwriting.

  • The Wall - Pink Floyd

    E Konzept-Album, deen déi perséinlech Einsamkeet an Isolatioun thematiséiert.

  • Déjà Vu - Crosby, Stills Nash & Young

    3+1 = Crosby, Stills a Nash + Young! Den Debut-Album "Déjà Vu" (1970) mécht de Quartett weltwäit bekannt.

Programm

  • Virum Dag

  • On air

    Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

  • Resonanzen

  • Spektrum

Net verpassen

  • Nei Serie: Autoritär

    Autoritär.png

    Wärend déi gesellschaftlech an ekonomesch Ongläichheeten ëmmer méi massiv ginn, fille sech och ëmmer méi Leit erëm vun herrschsüchtege Populisten an hire gewaltbereeten Astellungen ugezunn.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen