Déjà Vu

Mat en etleche Joer Ofstand gi Kult-Albummen aus der Geschicht vu Rock, Pop an Jazz nach emol ënnert d'Lupp geholl. Fir erëmzehéieren mat neien Oueren oder als Entdeckung fir déi, déi se deemools verpasst haten.

Mick Jagger - Wandering Spirit

Den Album kënnt eraus um Label Atlantic. Fir deen haten d'Stones an de Siwwenzeger geschafft, éier si bei Virgin gaange sinn. No Kontraktschluss mam Label vum Richard Branson si si dann erëm bei Atlantic, éier d'Band op d'Iddi koum en eegene Label ze kreéieren an zousätzlech anzekasséieren.

Dem Jagger seng Solo-Carrière huet 85 ugefaange mam éischter mëttelméissegen "She's The Boss"-Album, virun allem awer mat der Single "Dancing In The Street', déi hien am selwechte Joer zesumme mam David Bowie ophëlt an déi d'Enttäuschung iwwer dat éischt Solowierk kloer iwwerspillt. Bis haut ass de Compteur bei ganzer véier Soloreleasë stoe bliwwen. "Wandering Spirit' kritt dobäi bei wäitem déi beschte Kritiken.

Presentéiert vum Fred Medernach

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Net verpassen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen