Aktuelles

Hannergrënn iwwer déi lokal, national an international Aktualitéit. Um 6:20, 7:20, 8:23, 09:20 Auer.

Ekonomie: Globale Wirtschaftswuesstum hëlt of

De globale Wirtschaftswuesstum ass am Gaangen ofzehuelen. D'Analyste si sech eens. Besonnesch déi stäerkst Ekonomië wäerten déi nächst Jore manner wuessen. De Wuesstumszyklus aus de leschte Jore wier geschwënn eriwwer. Wat sinn d'Zeechen an d'Ursaachen dovun? A wéi grouss ass de Risiko vun enger weltwäiter Rezessioun? De Pierre Reyland huet bei Ekonomiste nogefrot.

Rezent Emissiounen

Dossieren

  • Sozialwahlen 2019

    Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.

  • Pierre Werner

    "Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen