Riicht eraus

Eng Stonn Hannergrondinformatioun: en Invité steet Ried an Äntwert zu der Aktualitéit.

Michel Wurth

E Brexit ouni Deal gëtt ëmmer méi realistesch. Ass déi Lëtzebuerger Ekonomie dorop virbereet? Dat froe mir de President vun der Chambre de Commerce.
Nieft de wirtschaftlechen Aussiichte fir Lëtzebuerg, schwätze mir de Michel Wurth awer och op seng perséinlech Pläng un: Wëllt hie wierklech als President vun der Chambre de Commerce ophalen? A wie soll säin Nofolger ginn?
Moderatioun: Rick Mertens.

Rezent Emissiounen

  • Serge Allegrezza & Gilles Hempel

    Den Direkter vum Statec an den Direkter vun der Agence Immobilière Sociale diskutéieren iwwert déi sozio-ekonomesch Entwécklung vu Lëtzebuerg a senge Gemengen.

  • Den Theater am Spigel

    Wou ass den Theater zu Lëtzebuerg haut drun, an zwar net just aus der Perspektive vun Theatermacher, mee och vu Spectateuren a Kritiker?  

  • Stefan Braum

    Mam Jurist geet et ënnert anerem ëm d'Fro, wéi d'Fakultéit sech am Kontext vum rezente Budgetschaos op der Uni Lëtzebuerg positionéiert.

  • D'Roll vun der Arméi an enger méi onsécherer Welt?

    Patrick Heck, Dir. Defense, Jean-Marie Halsdorf / CSV-Dep., fréiere Verdeedegungsminister / Christian Schleck, Pres. Syndicat professionnel de l'armée luxembourgeoise.

  • Gewalt doheem

    Dr. Roland Seligmann, President Alupse / Pierrette Meisch, Direktesch Fondatioun Profamilia / Laurence Bouquet, Responsabel Service Riicht Eraus Croix Rouge

  • Pierre Gramegna

    Den DP-Finanzminister muss a ville Beräicher e Spagat maachen, sief et an der Budgetspolitik oder an der internationaler Steierpolitik.

  • En neit Gesetz fir eng besser Uni?

    Et diskutéieren den delegéierten Héichschoulminister Marc Hansen, d'CSV-Deputéiert Martine Hansen an de Raymond Bisdorff vun der Proffen-Associatioun APUL.

  • Bankesecteur: Business as usual?

    Nei Regulatiounen an d'Digitaliséierung bréngen nei Erausfuerderungen. D'Resultater si weider gutt, ma d'Stëmmung am Secteur ass schlecht.

  • Wéi eng Bedeitung hu Librairië fir d’Bild vun enger Haaptstad?

    “Eng Stad ouni anstänneg Librairien ass e Kaff” (Francis Wagner, Tageblatt, 17.05.2017)

  • Wunnengsmaart: wéi vill Interventionismus ass néideg?

    Et diskutéieren: Yves Cruchten (LSAP), Gary Diderich (déi Lénk), Félix Eischen (CSV), Max Hahn (DP).

  • Wéi eng Zukunft fir d'EU?

    Et diskutéieren: Frank Engel (CSV-Europadeputéiert), Jean-Claude Reding (President Chambre des Salariés) a Victor Weitzel (Europa-Expert).

  • Etienne Schneider

    Wéi eng Zukunft hunn déi sozialistesch a sozialdemokratesch Parteien an Europa? Dat ass een Thema am Gespréich mam Vize-Premier a Wirtschaftsminister.

  • Journalisteronn iwwer dräi an en halleft Joer Blo-Rout-Gréng

    D'Fënsteren oprappen: Dat war dat deklaréiert Zil vun DP, LSAP an déi gréng, no den Neiwahle vun 2013. Ass dat der Dräierkoalitioun gelongen?

  • François Bausch

    Den Nohaltegkeets- an Infrastrukturminister fuerdert d'Bierger op, matzediskutéieren. Wéi dëse partizipative Prozess ofleeft, ë.a. doriwwer geet Rieds mam Minister.

  • Education artistique, een Zukunftsfach?

    De Konscht-Enseignant André Michaux an de Marc Barthelemy vum Educatiounsminstère diskutéieren iwwer d'Roll an d'Zukunft vun der Education artistique am Lycée.

Programm

Net verpassen

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • Kuriositéiten aus der Lëtzebuerger Sprooch

    Si oder hatt? Zwee oder zwou? Domat oder domadder? Lëtzebuergesch ass och fir Mammesproochler net ëmmer einfach. Mir ginn der Saach op de Fong.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen