Klassik aktuell

De Bléck op d'Aktualitéit an der klassescher Musek zu Lëtzebuerg, an der Groussregioun an och international.

"Then and there, here and now"

E 40Jäerege séngt fir e 40Jäeregen - den Zoufall wëllt et, datt den amerikaneschen Ensemble "Chanticleer" op senger 40th Anniversary Tour am Stater Conservatoire fir de 40. Anniversaire vum Vokalensemble "Les Amis du Chant" sengt. "Chanticleer" ass zanter senger Grënnung 1978 ee vun deene weltwäit beschte Vokalensemblen iwwerhaapt. Zanter 1986 engagéiert den Ensemble sech och mat spezifesche Programme fir de Chouernowues.  

 

Rezent Emissiounen

  • De Bass-Bariton Jean Bermes

    De Sänger huet eng CD mat Wierker vum Cesar Cui publizéiert.

  • De Rudolf Buchbinder

    De Pianist kënnt zesumme mat de Wiener Philharmoniker an d'Philharmonie.

  • Den European Union Baroque Orchestra

    Den Ensemble ass Orchestra in residence am Trifolion zu Iechternach.

  • De Mandolinist Juan Carlos Munoz

    De Museker huet mat sengen Ensemblen "Ensemble à plectres" vun Esch an Artemandoline eng jett Projeten geplangt.

  • D'Mariam Batsashvili

    Déi georgesch Pianistin ass Rising Star fir d'Saison 2016/2017.

  • Rainy Days 2016

    De Festival fir zäitgenëssesch Musek an der Philharmonie

  • Digital Musicology

    Wat sinn d'Chancen an d'Gefore vum Digitale fir d'Musicologie?

  • Musikbühne Saar

    De radio 100,7 an SR3 diffuséieren déi populär Museksemissioun e Sonndeg live aus dem Trifolion zu Iechternach.

  • De Choeur de Chambre de Luxembourg

    Den Ensemble huet eng nei CD publizéiert.

  • Talenter aus de Lëtzebuerger Conservatoiren

    D'Militärmusek spillt zesumme mat Absolvente vum Prix supérieur.

  • Au Seuil de l'Avent

    Um éischten Adventssonndeg proposéiert d'Maîtrise vun der Kathedral hiren traditionnellen Concert.

  • De Mariinsky Orchester

    Den Ensemble vu St. Petersburg kënnt fir zwou Soiréeën an d'Philharmonie.

  • Den American Horn Quartet

    De Kerry Turner, Matgrënner vum American Horn Quartet, Komponist, Cornist am OPL, ass am Studio, fir iwwert eng nei CD-Produktioun ze schwätzen. 

  • Die Zauberflöte

    Dem Mozart seng Oper ass am Saarbrécker Staatstheater ze gesinn.

  • Christian Gerhaher

    Vum Dr. med. zum unerkannten Lied-Sänger: De Bariton huet een interessanten a spannenden Parcours hannert sech. 

Dossieren

  • Sozialwahlen 2019

    Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.

  • Pierre Werner

    "Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen