Klassik aktuell

De Bléck op d'Aktualitéit an der klassescher Musek zu Lëtzebuerg, an der Groussregioun an och international.

Den Ensemble "Les Haulz et les Bas"

D'Konzil vu Konstanz

D'Konzil vu Konstanz (1414-1418) war e grousse Spektakel. Dichteg Hären - weltlecher a geeschtlecher - aus ganz Europa waren an der Stad um Bodensee, fir ze diskutéieren awer och fir sech z'ameséieren. D'Musek huet an dem Ganze keng onwichteg Roll gespillt: als Demonstratioun vu Muecht an Afloss an als Divertissement. Den Ensemble "Les Haulz et Les Bas" proposéiert en nächste Sonndeg zu Miersch (27.1.2019) e Programm mat Musek aus deene wichtege Jore vun der europäescher Geschicht. 

Rezent Emissiounen

Net verpassen

  • Neien Owesprogramm um radio 100,7

    Grille Header

    De radio 100,7 huet sech als Zil gesat, déi vilfälteg an divers Realitéite vun der Lëtzebuerger Gesellschaft, déi sech konstant weiderentwéckelt, erëmzeginn.

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • Kuriositéiten aus der Lëtzebuerger Sprooch

    Si oder hatt? Zwee oder zwou? Domat oder domadder? Lëtzebuergesch ass och fir Mammesproochler net ëmmer einfach. Mir ginn der Saach op de Fong.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen