Fräie Mikro

radio 100,7

Mir informéieren Iech, datt eis Rubrik "Fräie Mikro" vun der Rentrée un, dëse 16. September, virleefeg suspendéiert ass.

D'Meenungsvilfalt an den Accès vun der Zivilgesellschaft op eis Antenn si fir eis wichteg a wäerte sech och an Zukunft an eisem Programm zeréckspigelen. Mir schaffen un engem neie Konzept, deen dem "Fräie Mikro" eng nei a méi kohärent Plaz an eisem Programm gëtt.

Wann d'Relioun de Rechtsstaat a Fro stellt

Verschidde Reliounen hunn an hiren extreemste Formen den Usproch sech iwwert dat weltlecht Gesetz ze stellen. Dobäi kënnen och Grondprinzipien, wéi de Verbuet vun der Diskriminatioun, a Fro gestallt ginn. An zwee Uerteeler hunn déi zwou héchsten europäesch Gerichter bekräftegt, datt reliéis Reegelen net dierfen de Virrang kréie virun dem Rechtsstaat an dat zum Nodeel vun islamescher Léier a chrëschtleche Feierdeeg. De Fräie Mikro huet haut de Frank Wies.

Rezent Emissiounen

Programm

  • Notturno

  • On air

    Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

Net verpassen

  • Neien Owesprogramm um radio 100,7

    Grille Header

    De radio 100,7 huet sech als Zil gesat, déi vilfälteg an divers Realitéite vun der Lëtzebuerger Gesellschaft, déi sech konstant weiderentwéckelt, erëmzeginn.

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • Kuriositéiten aus der Lëtzebuerger Sprooch

    Si oder hatt? Zwee oder zwou? Domat oder domadder? Lëtzebuergesch ass och fir Mammesproochler net ëmmer einfach. Mir ginn der Saach op de Fong.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen