Café Scientifique

Kerstin Thalau

Doktoranden a Fuerscher stellen hir Aarbechte vir.

Dr Christiane Hilger, Foto: Luxembourg Institute of Health

Dr Christiane Hilger vum LIH

Grad emol 10 Joer ass et hier, datt amerikanesch Fuerscher realiséiert hunn, datt verschidde Mënschen eng Allergie op rout Fleesch entwéckele kënnen. D'Reaktioun nennt sech Alpha-gal-Syndrom an si trëtt eréischt 2 bis 6 Stonnen no enger Molzecht op. Wëssenschaftler vu Lëtzebuerg an Däitschland hu gemeinsam en Test entwéckelt, mat deem d'Allergie besser wéi bis ewell diagnostizéiert ka ginn. D'Kerstin Thalau ass vun der Dr Christiane Hilger vum Luxembourg Institute of Health méi zum Thema gewuer ginn. 

Rezent Emissiounen

Programm

  • Iwwer Mëtteg

  • On air

    Resonanzen

    • Klassik aktuell - Farewell Prayers

  • Spektrum

  • Ënnerwee

  • Noriichten

Net verpassen

  • Komponist vum Mount: Ludwig van Beethoven

    Ludwig van Beethoven

    De Ludwig van Beethoven war deen drëtte Ludwig a senger Famill, deen zweete Museker mat deem Numm a bei wäitem de prominentsten. Éiweg krank an dacks onglécklech verléift, war de Beethoven als Mënsch stuer a verbruet, als Komponist rebellesch, onkonventionell a revolutionär.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen