Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert

De Pierre Werner, säi Liewen, seng politesch Carrière (hei am Land an och um europäeschen Niveau) si sécherlech eng Radiossendung wäert.

Zesumme mam Center for Contemporary and Digital Historyvun der Uni.lu huet de radio 100,7 eng Serie vu siwe Podcasten entwéckelt. De Portrait vum fréiere Lëtzebuerger Staatsminister erméiglecht ee Réckbléck op dat 20. Joerhonnert, eng frësch Vue op d'Geschicht vu Lëtzebuerg a vun Europa. 

D'Enn vun der Ära Werner

Am siwenten a leschten Deel geet et ëm d'Stolkris, de wirtschaftleche Wandel an déi lescht Jore vun der Werner-Ära.

Rezent Emissiounen

  • E Politiker a seng Zäit

    Pierre Werner: e Politiker a seng Zäit. - Europäesche Staatsmann, national Pappefigur oder reformresistente politesche Katholik?

  • D'Enn vun der Ära Werner

    Am siwenten a leschten Deel geet et ëm d'Stolkris, de wirtschaftleche Wandel an déi lescht Jore vun der Werner-Ära.

  • Werner an Euro

    Am sechsten Deel vun eiser Serie geet et ëm de Rapport Werner a seng Pionéierroll an der Kreatioun vum Euro.

  • De Wee zum moderne Staat

    Fënneft Episod: Déi wirtschaftlech, politesch an institutionell Entwécklungen zu Lëtzebuerg an den 1950er an 1960er Joren.

  • Den Zweete Weltkrich a seng Konsequenzen

    Am véierten Deel vun eisem Podcast geet et ëm dem Pierre Werner seng éischt berufflech Erfarunge während an nom Krich an ëm d'Schicksal vu sengem Brudder Henri.

  • Henriette Werner-Pescatore (1914-1984)

    Am drëtten Deel geet et ëm dem Pierre Werner seng Fra, Henriette, hir Elteren, hiert soziaalt Engagement an d'Entwécklung vun de Fraerechter zu Lëtzebuerg. 

  • D'Formatiounsjoren

    An der zweeter Episod vun eiser Podcast-Serie geet et ëm dem Pierre Werner seng schoulesch, kulturell an intellektuell Ausbildung.

  • Gebuert an Originnen

    Éischt Episod vun enger Serie iwwer de fréiere Lëtzebuerger Staatsminister.

Programm

Dossieren

  • Sozialwahlen 2019

    Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.

  • Pierre Werner

    "Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen