De radio 100,7 verdéift all Mount e speziellen Themeberäich. Dës Programm-Schwéierpunkten zéie sech duerch vill Emissiounen a Reportagen a bidden dem Nolauschterer Hannergrondinformatiounen an deels ënnerschiddlech Approchen zum Thema vum Mount.
Ee Mount, een Thema
Eis Institutiounen: Prisong a Psychiatrie
Thema vum Mount Januar sinn eis Institutiounen. Als lescht Institutioune beliichte mer haut de Centre Hospitalier Neuro-Psychiatrique zu Ettelbréck an de Centre Pénitentiaire zu Schraasseg. Zwou Institutiounen, déi op den éischten Bléck net vill mateneen ze dinn hunn, op den zweeten awer méi ewéi een denkt.
Rezent Emissiounen
-
D'Stärekuckerten oder d'Limitte vun der Virstellungskraaft
De klenge Won, de grousse Won an awer och de Mound, faszinéiert d'Astronomen.
-
Rechter a Flichten
Den europäesche Konsumenteschutz huet an deene leschte Jore vill erreecht.
-
Europawahlen: D'Entwécklung vum Europaparlament
Vum konsultativen Organ zu engem politesche Matdecideur um europäeschen Niveau - dat ass d'Geschicht vum Europaparlament.
-
Queesch duerch Europa - Ungarn
An eiser Reportage-Serie geet d'Danièle Weber de Froen no, wat et bedeit am Ungarn vum Victor Orbán a senger Fidesz-Partei ze liewen.
-
Irland: Den Impakt vum Brexit op déi gréng Insel
Wa Groussbritannien aus der EU austrëtt steet Irland viru groussen Erausfuerderungen. Fir eis Serie "Queesch duerch Europa" ass de Pierre Reyland an déi zwee Deeler vun Irland gereest - d'Republik am Süden, an dat britescht Nordirland.
-
Europa: Should I stay ...?
E méigleche Brexit an déi institutionell a wirtschaftlech Konsequenzen
-
Vum Schongbuttek zum Europahaus
D'Aufgabe vum Lëtzebuerger Büro vum Europäesche Parlament an der Maison de l'Europe
-
Rumänien: Wann déi europäesch Fräiheet bedrohlech gëtt ...
A Rumänien ass d'Populatioun zum Beispill staark zeréckgaangen, zanter d'Land der EU bäigetratt ass. Wéi geet dat osteuropäescht Land domat ëm?
-
D'Belsch: sou no an dach esou friem
De 26. Mee wielen d'Belsch net just hir Europadeputéiert, mee och en neit nationaalt Parlament. Wat sinn d'Enjeue vun de Wahlen an d'Optioune fir d'Regierungsbildung duerno?
-
Europa: Déngschtleeschtung ouni Grenzen
Europa wiisst ëmmer méi zesummen, och den europäesche Bannemaart.
-
Am Asaz fir Europa
Ëmmer méi jonk Leit engagéiere sech fräiwëlleg oder am Kader vun engem Stage fir europäesch Solidaritéits-Projeten.
-
Portugal: Wirtschaftswonner op wackelege Been
Portugal gëllt als neit europäescht Wirtschaftswonner. D'Land schéngt sech vun der Finanzkris ze erhuelen. D'Realitéit um Terrain ass méi nuancéiert.
-
Europa: D'Highlighten am Europaparlament
Wat waren d'Héichpunkte vun der parlamentarescher Aarbecht vum Europaparlament aus der Siicht vun engem Deputéierten aus der Ostbelsch?
-
Japan - Eng nei Ära
De Keeser Akihito dankt of, säi Bouf gëtt den 126. Tenno, mee d'Situatioun am Keeserhaus ass schwiereg, et feelt u männlechem Nowuess.
-
Vu Räis bis Räispabeier
Villes wat mir hunn oder am Alldag benotzen, kënnt aus Japan, eng kleng Lëscht seet eis genee, ëm wat et geet.
Net verpassen
-
Suicidegefor am Alter: En Tabuthema
Persounen iwwer 75 Joer si besonnesch ufälleg fir sech d'Liewen ze huelen. Eng rezent Campagne fir "Suicidepreventioun am Alter" weist, datt Seniore sech dräi bis véier Mol méi dacks suicidéiere wéi Jonker ënner 25 Joer. E puer vun de Grënn si sozial Isolatioun, Solitude oder Depressiounen.
Dossieren
-
Google-Datenzenter
Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.
-
Mäin Europa
Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.
Iwwert eis
De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.
Weider liesen