Kultur

Interviewen, Kritiken, Commentairen a Reaktiounen zur kultureller Aktualitéit

Den Tun Deutsch an de Fernand Fox am Buch "50 Joer Kasemattentheater" (Jacques Bohler - 1975)

E Liewen am Theater

De Fernand Fox dierf wuel deene meeschte Lëtzebuerger e Begrëff sinn, sief dat duerch seng Filmrollen, seng sëllegen Theaterrollen, Lëtzebuerger Owender, seng Lidder, segn Theaterstiffchen an der Stad, seng Reklammen mam Marc Olinger fir eng grouss Assurance oder och nëmmen duerch seng eenzegarteg Stëmm. De Fernand Fox huet ouni Zweiwel den Theater zu Lëtzerbuerg markéiert, sief dat duerch seng lëschteg Rollen, oder och spéider duerch eescht rollen zesumme mam vill ze fréi verstuerwenen Tun Deutsch, an do brauch een just d'"Emigranten" ze ernimmen. Haut op den kritt de Fernand Fox 85 Joer, en ass de 26 Januar 1934 zu Iechternach op d'Welt komm, an dat ass eng Occasioun un den "Foxe Fern" ze denken. De Jean Claude Majerus erënnert an de nächste Minutten  un de Fernand Fox

Rezent Emissiounen

Programm

Net verpassen

  • Suicidegefor am Alter: En Tabuthema

    Suicidegefor am Alter

    Persounen iwwer 75 Joer si besonnesch ufälleg fir sech d'Liewen ze huelen. Eng rezent Campagne fir "Suicidepreventioun am Alter" weist, datt Seniore sech dräi bis véier Mol méi dacks suicidéiere wéi Jonker ënner 25 Joer. E puer vun de Grënn si sozial Isolatioun, Solitude oder Depressiounen.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen