Ee Mount, een Thema

André Dübbers

De radio 100,7 verdéift all Mount e speziellen Themeberäich. Dës Programm-Schwéierpunkten zéie sech duerch vill Emissiounen a Reportagen a bidden dem Nolauschterer Hannergrondinformatiounen an deels ënnerschiddlech Approchen zum Thema vum Mount.

Grouss Botz: Den nationale Laboratoire - eng hygienesch Instanz

E Beräich vum nationale Laboratoire vun Diddeleng ass d'Mikrobiologie. Hei geet et ëm de Kampf géint epidemiologesch Krankheeten a multiresistente Keimer. Aktuell ass Lëtzebuerg mol nees vun enger Grippewell geplot. Mir froen no, wéi et mat der Bereetschaft steet sech impfen ze loossen a wéi e Rôle hei de Laboratoire fir d'Santé publique spillt.

Rezent Emissiounen

  • Satir: Pickeg Gepoters

    Satiresch, mee awer och witzeg op d'Woch zeréckkucken, dat maachen d'Protagoniste vun der Sendung 5 vir 12 op RTL.

  • Satir: Poznennö!

    Déi Lëtzebuerger BD par excellence, "De Superjhemp", feiert säin 30. Anniversaire. Wat ass de Superjhemp? Nëmme witzeg oder och satiresch?

  • Satir: Alles wat witzeg ass!

    De Sproochwitz am Lëtzebuergeschen huet eng laang Traditioun. Ugefaange bei der Wäschfra iwwer den Dicks bis hin zum aktuelle Cabaret. 

  • D'Geschicht vun der Satir an der Karikatur

    Satiresch Zäitschrëften hei am Land hunn och ëmmer vun de politesche Karikature gelieft.

  • Gastronomie: Eng kulinaresch Vitrinn

    Den Ament leeft d'Expogast mam Culinary World Cup an de Foires-Halen um Kierchbierg.

  • Lifestyle a Kachen

    D'Geschäft mat de Kachbicher- an Zäitschrëfte boomt. Wéi beaflossen dës Publikatiounen eist Iessverhalen?

  • Gastronomie: De Lëtzebuerger Wäibau

    Nach virum Humpen ass de Miseler Wéngchen déi Nummer eent, dee Favorit beim Gedrénks. An 2018 versprécht e Millésime fir Wënzer ze ginn.

  • Méi wéi nëmme gutt kachen

    D'Ecole d'Hôtellerie et de Tourisme du Luxembourg, och Hotelsschoul genannt, schafft permanent un hirer Identitéit a Reputatioun.
     

  • Gastronomie: Vu séiss bis salzeg

    Bäcker, Metzler, Patissieren, Mëller an Traiteuren hu sech an der Confederatioun Liewensmëttelhandwierk zesummegeschloss.

  • Gastronomie: Back to the roots - Béier wéi fréier an haut

    D'Geschicht vum Béier hei am Land fänkt am 16. Joerhonnert un. Hautdesdaags erueweren d'Mikro-Brauereien de Marché.

  • Gastronomie an Tourismus

    D'Regierung wëllt an den nächste Jore massiv an den Tourismus investéieren. Am Fokus ass hei och d'Gastronomie.

  • Radio Luxembourg oder d'Geschicht vun den audiovisuelle Medien

    Franséisch Industrieller a Politiker stoungen um Ufank vum RTL-Group.

  • Amazon an hir Medien

    Nieft dem Online-Shopping wëll Amazon och mat hiren neien Streaming-Servicer den Ëmsaz verbesseren. 

  • Wirtschafts-Facteur Medien

    D'Medien hei am Land, sief et de Print, de Radio oder d'Tëlee sinn - bis op den ëffentleche Radio 100,7 - op Publicitéit ugewisen. 

  • Instrument Medienpolitik?

    Wéi wäit däerf d'Politik sech an d'Medien amëschen? Eng rhetoresch Fro.

Programm

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Net verpassen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen