Generator

De jonke Sujet um radio 100,7. Mam Weekend deen op vollen Touren dréint, Gäscht am Interview, Sortien, Trends, Gigs ... a villes méi

Fënnef Schüler aus dem LTL hunn e Video géint de Mobbing an de Schoule gemaach.

Generator

Am Kader vun engem Schoul-Projet hunn fënnef Schüler aus dem Lycée Technique vu Lalleng e Video géint de Mobbing an de Schoule gedréint. E Problem, iwwert dee net genuch diskutéiert géif ginn, soen se. An Zukunft wëllen se an esou vill Lycée wéi méiglech goen an do hire Video weisen. Anert Thema an der Sendung ass den American Football. De President an den Headcoach vun den Diddeleng Steelers si beim Pit am Studio a schwätzen dann iwwert d'Faszinatioun vun hirem Sport.

Playlëscht:

  1. Hydrogen Sea - Worry
  2. Calexico - Quattro
  3. Lenny Kravitz - Are You Gonna Go My Way
  4. ZZ Top - La Grange
  5. Olli Schulz - Als Musik noch richtig Groß War
  6. Beatsteaks - Everything
  7. Son Lux - Easy
  8. Jimmy Risch - Put A Lid On It
  9. Orelsan - La Fête Est Finie
  10. De Läb - Dialekter
  11. Pink Floyd - High Hopes

De Link zum Video vun den LTL-Schüler: https://www.youtube.com/watch?v=QcV-r8FpnyU&t=184s

 

 

Rezent Emissiounen

  • Boulderen

    Klammen ouni Seel, wéi geet dat?

  • Nolen, Woll a lass!

    Wëll et sou schéi kal ass dobaussen, schwätze mir iwwer muckeleg waarm Strécken.

  • D'Designerin Irina Moons

    Wei ass d'Liewe vun enger jonker Designerin zu Lëtzebuerg?

  • "Eng Einstiegs-Drog fir d'Literatur"

    De Poetry Slam ass eng Konschtform, déi haaptsächlech vu Jonke praktizéiert gëtt. Et kenne witzeg Texter sinn, awer och eng emotional Ausernanersetzung mat Problemer.

  • Generator

    De Pit Walté huet sech mat der Fro beschäftegt, ob Schach e Sport ass.

  • to graffiti or not to graffiti?

    D'Graffiti-Zeen zu Lëtzebuerg: wat ass den Ënnerscheed tëschent Urban Art a Street Art, a firwat ass kritesch Konscht zu Lëtzebuerg schwéier?

  • Generator

    D'Rapper vu Stayfou si bei eis am Studio.

  • "How To Bourse"

    An engem Video kläert d'ACEL d'Froen, déi een ëm d'Studentebourse kéint hunn. Donieft hu mir nogefrot, u wat een als Student soss nach denke muss.

  • Kann ech dech upaken? aka Feminismus

    "Maacht wat der wëllt, mee schwätzt et of." D'Milena Steinmetzer schwätzt mat eis iwwer Konsens.

  • Fifa Sportler

    Zwee Lëtzebuerger zielen iwwer professionellen Fifa Sport zu Lëtzebuerg.
     

  • Youth for Climate

    Lëtzebuerger Subkulturen dës Woch mat zwee jonke Klimaaktivisten

  • Generator

    Le Vibe sinn am Studio fir iwwer hiren neien Album ze schwätzen. An den FC Esch United ass Thema, eng Fussball-Equipe, déi aus Refugiéë besteet.

  • Generator

    Et ass e frëndlechen Astronaut am Studio, et geet ëm de neie Joker Film an ëm den Zuch, mat dem den Harry Potter a senge Filmer fiert.

  • Generator

    D'Metal-Formatioun Arduinna's Dawn stellen hir éischt Single vir an et ginn Informatiounen zum Last Summer Dance-Festival.

  • Generator

    Architektur an d'Schueberfouer stinn am Mëttelpunkt. Donieft gëtt et nach e Buch-Tipp.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Notturno

  • Samschdes-Magazin

  • Noriichten

  • Grousse Kino

Net verpassen

  • Dëse Sonndeg um 11:00 LIVE aus der Congresshalle zu Saarbrécken

    DRP

    Eng Symphonie mat Piano - Esou gëtt dacks dem Johannes Brahms säin zweete Pianosconcerto beschriwwen. De russesche Pianist Nicolai Lugansky spillt dëst Wierk an där nächster Matinée vun der Deutschen Radio Philharmonie Saarbrücken Kaiserslautern, déi de radio 100,7 zesummen mat SR2 KulturRadio e Sonndeg, 15. Dezember 2019, vun 11.00 Auer u live aus der Congresshalle zu Saarbrécken iwwerdréit.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen