Espresso Beats

Philippe Hansen

All Woch reent et nei Relasen déi d'Museklabelen uechter d'Radiolandschaft schécken. Am Espresso Beats maache mir all Samschdeg de Choix a proposéieren eng Selektioun vun topaktuellen Titelen ... dacks schonns virun hirer offizieller Sortie! Als Vintage-Beitrag kucke mir doriwwer eraus op en eelere Song deen Androck hannerlooss huet. Mam Philippe Hansen.

Espresso Beats

D'Indie-Szen zu Washington an hirem volle Schwong! De Marc Clement presentéiert en Titel vu virun zwanzeg Joer deen sech och haut net verstoppe muss. The Dismemberment Plan ass eng manner bekannte Band mat engem onverwiesselbare Gittarspill. Ënnert dem Titel "Memory Machine" stellen si sech eng Fro, déi an e Science-Fiction Film géing passen: Wat wier, wann een alles, u wat een sech net erënnere wéilt, einfach kéint ofschalten? 

Déi belsch Musekerin Sylvie Kreusch ass zu Antwerpen an am Hannergrond vu Warhaus doheem. D'Anne Georges huet sech der Femme Fatale anengems och Powerfra a Background Sängerin ugeholl an ass prompt op eng wonnerbar exotesch Nummer mat Wuppes gefall. Please To Devon heescht der Sylvie Kreusch hir zweet Singleauskoppelung vum Debut Album dee geschwënn ze kréien ass.

Nieft dem Concertstipp an dem Philippe senger ganz perséinlecher Playlëscht lafen déi bescht nei Indie- a Major Label Stécker, dorënner fusch nei Singelen ë. a. vu  Flamingods, Chaka Khan, Frank Carter & The Rattlesnakes, Slenderbodies a Karen O and Danger Mouse.

Rezent Emissiounen

  • Herrlech Nei Musek!

    Neies aus der internationaler Pop- a Rockzeen mat villen Invitéen a sëlleche Coup-de-Coeuren.

  • De Nirvana vun der neier Musek!

    Neies aus der internationaler Pop- a Rockzeen mat villen Invitéen a sëlleche Coup-de-Coeuren.

  • Super Duper Nei Musek!

    Neies aus der internationaler Pop- a Rockzeen mat villen Invitéen a sëlleche Coup-de-Coeuren.

  • Nei Musek à gogo!

    Neies aus der internationaler Pop a Rockzeen mat villen Invitéen a sëlleche Coup-de-coeuren.

  • Ultra Nei Musek!

    Neies aus der internationaler Pop a Rockzeen mat villen Invitéen a sëlleche Coup-de-coeuren.

  • Nei Nei Nei a Gutt!

    Neies aus der internationaler Pop a Rock Zeen mat villen Invitéen a sëlleche Coup-de-coeuren.

  • Nei Musek a villes méi!

    National an international rezent Verëffentlechungen, Coup-de-coeuren an eng Rei Invitéeën.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

Net verpassen

  • Komponist vum Mount: Ludwig van Beethoven

    Ludwig van Beethoven

    De Ludwig van Beethoven war deen drëtte Ludwig a senger Famill, deen zweete Museker mat deem Numm a bei wäitem de prominentsten. Éiweg krank an dacks onglécklech verléift, war de Beethoven als Mënsch stuer a verbruet, als Komponist rebellesch, onkonventionell a revolutionär.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen