Jazzin' Around

Pit Dahm Pol Belardi

Ass dat do nach Jazz?

Jazz ass hautdesdaags alles wat lieweg, opgereegt a frësch kléngt. D'Grenzen an d'Tiräng verschwanne lues a lues. Vun de Grondingrediente bleift haaptsächlech nach d'Improvisatioun iwwereg.

De Pit Dahm an de Pol Belardi presentéieren den Jazz an all sengen Zoustänn, vu senger Urgestalt zu New Orleans bis zum moderne Gewand vu senge villen Derivater, sief et Funk, Groove, Hip-Hop, Electro, Post-Rock oder World Music.

Art Blakey

Den Art Blakey mat sengen Jazz Messengers, eng Band, déi e ganz eegene Sound hat an dat iwwer eng laang Zäit. Och wann d'Museker dacks gewiesselt hunn, bloufen d'Jazz Messengers ëmmer top an dat net zulescht wéinst Leit wéi dem Hotace Silver, Wayne Shorter oder och nach Wynton Marsalis, déi mam Art Blakey senge Messengers gespillt hunn. Eng Emissioun presentéiert vum Pol Belardi a Pit Dahm.

Rezent Emissiounen

  • Pat Metheny - The Way Up

    Eng wonnerbar Suite aus der Fieder vum Pat Metheny vun 2005. Iwwer eng Stonn Musek, déi d'orchestraalt Denke vum verséierte Gittarist weist.

  • Cannonball and Coltrane

    Kuerz virun der legendärer Plack "Kind of Blue" hëlt dem Miles Davis seng Band ouni hire Leader en interessanten Album op.

  • Joel Ross - Kingmaker

    Et gëtt en neie Stär um Vibraphon-Himmel an deen huet säin Debut-Album um illustere Label Blue Note erausbruecht. 

  • Lage Lund

    Den neien Album vum Gittarist Lage Lund: "Terrible Animals"

  • Tigran

    Museker, déi innovativ e Stil prägen, si rar. De Tigran Hamasyan zielt awer zu dësen dozou. Dräi vum Pianist sengen Albume gi presentéiert.

  • The (Jazz) Crusaders - Those Southern Knights

    D'Crusaders sinn eng groovy Band ronderëm de Keyboarder Joe Sample, déi de Funk a Soul Sound vun den 1970er mat definéiert hunn.

  • Ben Wendel - The Seasons

    En Disk mat 12 Kompositiounen, déi de Ben Wendel fir Museker geschriwwen huet, déi hien inspiréieren.

  • Taylor McFerrin

    De Jong vum Bobby ass selwer och Museker, dee seng eege Richtung fonnt huet an dat mat engem Interessante Mix vun Elektronik an Akustik. 

  • Cannonball Adderley

    Den Julian "Cannonball" Adderley ass méi wéi nëmmen den Altsaxofonist, dee mam M. Davis gespillt huet. Entdeckt Live-Matschnëtter vu senger Band am Quintett a Sextett.

  • Austin Peralta

    En iwweraus villverspriechenden Jazzpianist, deen eis 2012 am zaarten Alter vun 22 Joer verlooss huet.

  • Piano Trio - Swing mat Bluescharakter

    E Format dat nieft der traditioneller Jazz-Harmonie a Melodik eng gutt Partie Blues-Langage benotzt.

  • Art Blakey

    Art Blakey and the Jazz Messengers, eng Band, déi iwwer Joerzéngten ëmmer erëm nei Albumen erausbruecht huet, déi bis haut begeeschteren.

  • Blue

    Vu de "Blue Notes" bis Kind of Blue...d'Faarw Blo zitt sech queesch duerch d'Jazzgeschicht!

  • Hammond

    D'Hammond Uergel spillt a ville Stiler eng wichteg Roll. Dir héiert Musek vun ënner anerem dem Jimmy Smith an dem Rhoda Scott.

  • Blues-Form

    De Blues beschreift net nëmmen eng Stilrichtung, mee och eng meeschtens 12-taktesch Form, déi et an all hiren Zoustänn och queesch duerch d'Jazzgeschicht gëtt.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Virum Dag

    • Kultur - Den MNHA an d'Ëmsetze vun der "stratégie numérique"

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

  • Resonanzen

Dossieren

  • Europawahlen 2019

    Vum 23. bis de 26. Mee gëtt an der EU en neit Europaparlament gewielt. Zu Lëtzebuerg gëtt Sonndes, de 26. Mee gewielt. De radio 100,7 bericht iwwer d'Kandidaten an d'Enjeue vun dëse Wahlen.

  • Festival de Cannes 2019

    Alleguer d'Artikele vum Festival de Cannes 2019.

Communiquéen

  • Un nouveau directeur pour la radio 100,7

    Lors de sa réunion du mardi 26 mars 2019, le Conseil d'administration de l'Établissement de Radiodiffusion Socioculturelle a nommé Marc Gerges comme nouveau directeur de la radio 100,7.

  • radio 100,7 revue par ses pairs

    A la demande de la radio 100,7, l'Union Européenne de Radio-Télévision a procédé à une "revue par les pairs" des opérations de la radio 100,7.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen