Kompositioune fir de Kino an de klassesche Repertoire - Wat ënnerscheet Filmmusek vun de klassesche Wierker? Ginn et Iwwerschneidungen? Oder lafe se parallel nieftenaner? Wat sinn déi musikalesch Eegeschafte vun deene spezifesche Genren?
Soundtracks & Classics

Musek fir de Monumentalfilm: Miklos Rozsa (1907-1995)
De Miklos Rozsa ass ee vun de groussen Hollywoodkomponisten, déi an de 50er Joren dem Kino hire Stempel opdrécke konnten. De gebiertegen Ungarn huet Carrière gemaach am Kader vum Monumentalfilm a seng Score fir Filmer wéi "Quo Vadis", "Ben-Hur" oder "El Cid" ginn och haut nach ëmmer reeditéiert. Hien huet och fir de Klassik-Beräich geschriwwen.
Rezent Emissiounen
-
Tëschent Romantik a Modernem
De Komponist Georges Delerue huet 248 Filmer vertount, mee och vill fir de Klassikbetrib geschaaft.
-
Michael Nyman (*1944)
D'Multitalent huet als Kritiker ugefaangen, haut ass hie bekannt fir seng klassesch Musek, seng Filmscoren an esouguer seng eege Filmer.
-
Dmitri Schostakowitch (1906-1975)
De russeschen Komponist war extrem produktiv. Nieft Operen, Symphonien a Sonaten huet hien och fir de Kino geschafft.
-
Musek fir de Monumentalfilm: Miklos Rozsa (1907-1995)
De Miklos Rozsa, Komponist mat klassescher Formatioun huet wéi keen aneren den Hollywood-Film aus de 50er Jore gepräägt.
-
Den John Williams
51 Mol gouf de Komponist fir den Oscar nominéiert.
-
Il maestro Nino Rota (1911-1979)
Den italienesche Komponist huet fir de Film an de Concert onvergiesslech Wierker geschriwwen.
-
En Éisträicher zu Hollywood: Erich Wolfgang Korngold (1897-1957)
Hollywood huet hie mat engem Oscar fir "The Adventures of Robin Hood" belount, mee seng Carrière an Amerika huet net all ze laang gedauert.
-
De Minimalist Philip Glass
Oper, Theater, Symphonien, Concerti, Kammermusek a Film: d'Lëscht vum Philip Glass sengen Aarbechte beandrockt
Net verpassen
-
Live aus der Philharmonie
De Franz Schubert an den Gioacchino Rossini: Béid Komponisten hunn der Musekswelt Wierker hannerlooss, déi si net méi fäerdeg kruten. Dat ass de roude Fuedem vum Concert mam Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg en Donneschdeg, den 12. Dezember 2019, deen de radio 100,7 vun 20:00 Auer u live aus der Philharmonie iwwerdréit.
Dossieren
-
Google-Datenzenter
Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.
-
Mäin Europa
Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.
Iwwert eis
De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.
Weider liesen