Chronik

CD Cover - Michael Jackson - Dangerous

Heal The World

An den 80er a 90er Jore war d'Hongersnout an Afrika eng vun de grousse Suerge vun der Welt. "Heal The World" ass definitiv an deem selwechte Gedanke geschriwwen. Elo, bal 30 Joer méi spéit, ass d'Fro, ob eis Ambitioune fir an enger Welt ze liewen, wou mir eis méi ëm eise Planéit an eis Nopere këmmere wéi ëm eis, wierklech do waren. Huet d'Lidd no 30 Joer nach ëmmer déi selwecht Bedeitung wéi deemools? Eng Chronik vum Claudia Hansen.

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • Sozialwahlen 2019

    Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.

  • Pierre Werner

    "Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen