Panorama

National an international Noriichten

Panorama

  1. 40 Prozent vun de Vertrieder vum Staat an de Verwaltungsréit vun den Etablissements publice si Fraen, dat sinn zéng Prozentpunkte méi wéi nach viru fënnef Joer.
  2. Op d'mannst 20 Prozent Biolandwirtschaft bis 2025. Dat gouf am Regierungsprogramm festgehalen. Ee ganzt ambitéist Zil, dat eventuell de Prozess acceleréiere kéint fir bis 2050 ganz op Biolandwirtschaft ëmzeklammen, mengt d'Direktesch vu Bio-Lëtzebuerg, Daniela Noesen.
  3. Lëtzebuerg wäert all déi néideg Mesuren huelen, fir sech op de Brexit virzebereeden - mat oder ouni Akkord, sot den Ausseminister Jean Asselborn haut an enger Konferenz an der Handelskammer.
  4. Am Sträit ronderëm d'Aerdgas-Pipeline tëschent Russland an Däitschland hunn d'EU-Staaten elo e Kompromëss fonnt.
  5. Wéinst dem nationale Streik, dee fir nächste Mëttwoch an der Belsch geplangt ass, huet Brussels Airlines fir deen Dag all hir Volen annuléiert.
  6. Zu Genua an Italien hunn haut d'Aarbechten ugefange fir d'Iwwerreschter vun der Autobunnsbréck ofzerappen, déi virun engem hallwe Joer an de Koup gefall war.
  7. A Brasilie sinn op d'mannst zéng Mënsche bei engem Brand vum Fussballclub Flamengo ëm d'Liewe komm.

Rezent Emissiounen

  • Panorama

    Escher Fixerstuff mécht eréischt am Juli op / ASTI kritiséiert 2 Passagen a geplangter Verfassung / Inklusiivt Wahlrecht geschwënn zu Lëtzebuerg

  • Panorama

    ASTI-Kritik um Verfassungstext / Journalistin stierft bei "terroristeschem Virfall" an Nordirland / Zivillen Drock op sudanesesch Arméi gëtt ëmmer méi grouss
     

  • Panorama

    Chamber: Diskussioun iwwer de Prinzip vun der Gewaltentrennung? / Verbindlech Klimaschutzziler fir Camionen / No Mueller-Rapport: D. Trump feiert

  • Panorama

    Chamber: Diskussioun iwwer de Prinzip vun der Gewaltentrennung? / Verbindlech Klimaschutzziler fir Camionen / No Mueller-Rapport: D. Trump feiert

  • Panorama

    Chamber thematiséiert eventuell d'Gewaltentrennung / Nei Klimaschutzziler fir Camionen an Europa / Publikatioun vum Mueller-Rapport an den USA

  • Panorama

    LCGB reagéiert op Verkaf vun Diddelenger Stolsite u Liberty  / CBD Liewensmëttelproduiten net legal / Cannes Filmfestival presentéiert Programm

  • Panorama

    Bei der ADEM goufe Suen ënnerschloen / M. Solovieff: "F. Bausch huet d'Justiz net beaflosst!" / Madeira: Op d'mannst 29 Doudeger bei Busaccident 

  • Panorama

    Bei der ADEM goufe Suen ënnerschloen / M. Solovieff: "F. Bausch huet d'Justiz net beaflosst!" / Madeira: Op d'mannst 29 Doudeger bei Busaccident 

  • Panorama

    Bei der ADEM goufe Suen ënnerschloen / M. Solovieff reagéiert op Affär ronderëm F. Bausch / Diddelenger Stolwierk ka vu Liberty House kaf ginn

  • Panorama

    Notre-Dame a fënnef Joer nees opbaue wier onméiglech / Jean-Claude Juncker seet EU-Parlament Äddi / Cholera-Epidemie am Mozambique geet zréck

  • Panorama

    Bausch huet sech "an d'Justiz agemëscht" / Notre-Dame: 700 Milliounen Euro Spenden fir Neesopbau / CL: Ajax a Barcelona an der Halleffinall

  • Panorama

    Bausch huet sech "an d'Justiz agemëscht" / Notre-Dame: 700 Milliounen Euro Spenden fir Neesopbau / CL: Ajax a Barcelona an der Halleffinall

  • Panorama

    Gesondheet vum Grand-Duc Jean ass besser / Jurist: F.Bausch huet géint Gesetz verstouss / Den Dag nom Brand vun der Kathedral Notre Dame de Paris

  • Panorama

    Feier an der Notre-Dame zu Paräis zanter zéng Auer de Moie komplett geläscht / Franséisch Regierung preparéiert Rekonstruktiounsplang 

  • Panorama

    Paräis: Kathedral Notre-Dame schwéier beschiedegt / WHO: Riedel-Infektiounen hu sech verdräifacht / Zonk géint d'Schwéngspescht soll geännert ginn

Programm

Dossieren

  • Leipziger Buchmesse 2019

    D'Valerija Berdi an de Michel Delage waren dëst Joer fir de radio 100,7 op der Leipziger Buchmesse. All hier Artikelen a Bäitrag zum Thema fannt Dir hei.

  • Europawahlen 2019

    Vum 23. bis de 26. Mee gëtt an der EU en neit Europaparlament gewielt. Zu Lëtzebuerg gëtt Sonndes, de 26. Mee gewielt. De radio 100,7 bericht iwwer d'Kandidaten an d'Enjeue vun dëse Wahlen.

Communiquéen

  • Un nouveau directeur pour la radio 100,7

    Lors de sa réunion du mardi 26 mars 2019, le Conseil d'administration de l'Établissement de Radiodiffusion Socioculturelle a nommé Marc Gerges comme nouveau directeur de la radio 100,7.

  • Offre d'emploi: 1 journaliste (m/f)

    L'Établissement de Radiodiffusion Socioculturelle, opérateur de la radio de service public radio 100,7, recherche pour ses rédactions un(e) journaliste

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen