Chronik

Aktuell Sujeten aus Lëtzebuerg, Europa an der Welt

Neit politescht Äerbiewen an der Belsch

Zwee Méint no der leschter Regierungskris an der Belsch huet eist Nopeschland déi lescht Woch op en neits e politescht Äerbiewen erlieft. Effektiv huet déi flämesch Ëmwelt- an Agrarministerin missten demissionéieren, nodeems si an enger Ried virun der flämescher Baueregewerkschaft eng Lige verbreet hat.

De radio 100,7-Korrespondent Georges Kohnen erkläert d'Hannergrënn vun dëser Demissioun.

Rezent Emissiounen

Programm

Net verpassen

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • Kuriositéiten aus der Lëtzebuerger Sprooch

    Si oder hatt? Zwee oder zwou? Domat oder domadder? Lëtzebuergesch ass och fir Mammesproochler net ëmmer einfach. Mir ginn der Saach op de Fong.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen