Jazzin' Around

Pit Dahm Pol Belardi

Ass dat do nach Jazz?

Jazz ass hautdesdaags alles wat lieweg, opgereegt a frësch kléngt. D'Grenzen an d'Tiräng verschwanne lues a lues. Vun de Grondingrediente bleift haaptsächlech nach d'Improvisatioun iwwereg.

De Pit Dahm an de Pol Belardi presentéieren den Jazz an all sengen Zoustänn, vu senger Urgestalt zu New Orleans bis zum moderne Gewand vu senge villen Derivater, sief et Funk, Groove, Hip-Hop, Electro, Post-Rock oder World Music.

Piano Trio - Swing mat Bluescharakter

De Piano-Trio ass ee vun deene beléifste Formater am Jazz an et gëtt en a verschiddenste Genren. Vu ganz geäerd bis lassgeléisst a fräi. De Pit Belardi a Pol Dahm presentéieren d'Variant, déi richteg gutt swingt an dreift, mat Pianiste wéi dem Oscar Peterson, dem Monty Alexander oder nach dem Gene Harris, déi e Langage entwéckelt hun, dee vill Emprunten aus dem Blues zouléisst. Eng massiv an dreiwend Approche zum akustesche Pianos-Trio, déi een net sielen un d'Kraaft an de Push vun enger Big Band denke léisst.

Rezent Emissiounen

  • Traditional Jazz och nach haut?

    Wat dreift eng Band dozou, haut nach Jazz am Sënn vun der Traditioun ze spillen? Fakt ass, dass et nach ëmmer jonk Museker ginn, déi dat op eng meeschterhaft Aart a Weis ausféieren an hier Plaz an der aktueller Jazzlandschaft hunn. 

  • LOVE

    Léift ...en éiwegt Thema an der Konscht a wahrscheinlech ee vun deene gréissten Impulser, déi een Artist dozou dreift, kreativ ze sinn.

  • Solo Piano

    D'Kinneksdisziplin vum Jazz nieft dem Trio. Réckbléck op déi lescht honnert Joer mat Musek vun ënner anerem Art Tatum, Lennie Tristano oder nach Keith Jarrett.

  • BADBADNOTGOOD

    De kanadesche Kollektiv rëselt déi musikalesch Welt duerchernee mat engem opreegende Mix aus Jazz a Groove, gefiddert mat villen Hip-Hop Elementer.

  • What's that sample?

    Loops a Grooves ginn dacks aus gesampeltem Material vu bestoenden Opname gemaach: J. Dilla vs. Miles Davis, The Roots vs. Bucky Pizzarelli, ...

  • Neies an Ales zesummen

    Dat ass näischt Neits. Vermësche vu verschiddene Stiler ass net nëmmen haut a Moud. Musek vu Fréier an Haut, déi vun esou Mëschunge lieft. 
     

     

  • Jazzin' Around...déi éischt!

    An der Pilot-Episod vun dëser neier Serie Ronn em den Jazz présentéiert de Pit Dahm an de Pol Belardi hier Coup de Coeur'en vum Summer 2018.

Programm

Dossieren

  • Sozialwahlen 2019

    Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.

  • Pierre Werner

    "Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen