Blue Note

Manuel Ribeiro

D'Jazz-Aktualitéit zu Lëtzebuerg, an der Groussregioun an am Rescht vun der Welt. De Manuel Ribeiro schwätzt mat Museker, presentéiert aktuell Tendenzen a kënnt op Klassiker zeréck.

Reggie Washington 4tet an de jonken Eric Junker

Den Eric Junker huet säi Bachelor zu Amsterdam hanner sech. Hie war am Studio an huet seng "Gateway Suite" virgestallt.

De Reggie Washington 4tet stellt den 13. Februar zu Diddeleng am Kulturzenter OpderSchmelz säin neien Album "Vintage New Acoustic" vir. De Bassist a Bandleader huet um Telefon méi iwwer säi leschte Projet verroden.

De Tubist a Trompettist Daniel Herskedal bréngt gschwënn en neien atmosphäreschen Album mat Jazzspueren eraus. De Projet heescht "Voyage".

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • Sozialwahlen 2019

    Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.

  • Pierre Werner

    "Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen