Een Thema, e Buch

Ronderëm den Thema vum Mount proposéiert de radio 100,7 eng Rei interessant Bicher zu der selwechter Thematik. D'Bicher, déi esouwuel aus dem Beräich Literatur, wéi aus dem Domaine vum Sachbuch komme kënnen, gi resenséiert vun der Kulturredaktioun.

Louis-Ferdinand Céline - Semmelweis

"Voici la triste histoire de P.I. Semmelweis, né à Budapest en 1818 et mort dans cette même ville en 1865." Net zu Budapest, mee zu Wien ass den Dokter Ignác Fülöp Semmelweis gestuerwen. Och wann dës Informatioun vum Céline falsch war, sou ass dach seng Dokterthees, déi hien 1924 - ënner sengem richtegen Numm, Louis-Ferdinand Destouches - geschriwwen huet net just eng Zort Biographie, mee e feierege Plädoyer fir e Medeziner, deen duerch seng Erkenntnisser Dausende vu Fraen d'Liewe gerett huet. D'Valerija Berdi mat Hannergrënn.

Rezent Emissiounen

  • Seef an "Zivilisatioun"

    Eng Biographie iwwer den engleschen Industrielle William Lever beliicht den Zesummenhang tëschent Hygiene, den Ufänk vum Massekonsum an dem Kolonialismus.  

  • Louis-Ferdinand Céline - Semmelweis

    "Voici la triste histoire de P.I. Semmelweis, né à Budapest en 1818 et mort dans cette même ville en 1865." 

  • Eng hygienistesch Utopie

    A sengem Roman "Les Cinq Cents Millions de la Bégum" huet de Jules Verne eng ideal Stad entworf, déi sech géint eng Militärdiktatur muss behaapten.

Programm

Dossieren

  • Sozialwahlen 2019

    Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.

  • Pierre Werner

    "Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.

Communiquéen

  • radio 100,7 revue par ses pairs

    A la demande de la radio 100,7, l'Union Européenne de Radio-Télévision a procédé à une "revue par les pairs" des opérations de la radio 100,7.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen