Soundtracks & Classics

Martine Reuter Manuel Ribeiro

Kompositioune fir de Kino an de klassesche Repertoire - Wat ënnerscheet Filmmusek vun de klassesche Wierker? Ginn et Iwwerschneidungen? Oder lafe se parallel nieftenaner? Wat sinn déi musikalesch Eegeschafte vun deene spezifesche Genren?

Dmitri Schostakowitch (1906-1975)

De Msitislaw Rostropowitsch huet dat sinfonescht Wierk vum Schostakowitsch als Geheimgeschicht vu Russland bezeechent, Anerer schwätze vum apokalyptesche Soundtrack fir dat 20. Joerhonnert. Dem russesche Komponist ass et wéi kengem anere gelongen, d'Geschicht vu Russland tëschent 1930 an 1970 musikalesch ëmzesetzen. Säin Talent koum awer och fir de Kino zum Asaz.

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • Sozialwahlen 2019

    Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.

  • Pierre Werner

    "Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen