CD-Klassik

Nei Produktiounen aus dem klassesche Beräich a Suggestiounen fir Är Diske-Sammlung.

Eng Ode un de François Couperin

A Frankräich gouf de François Couperin d'lescht Joer (2018) vill gefeiert, sief et mat Opféierunge vun Operen oder mat Concerten. Och den Dirigent a Clavecinist Christophe Rousset huet seng Contributioun dozou geleescht, ënner anerem a Form vun engem duebelen Disk: "Couperin & Moi". Zesumme mat sengem Ensembel Les Talents Lyriques proposéiert de Christophe Rousset, de François Couperin duerch ganz ënnerschiddlech Wierker, ze entdecken, sief et Vokalstécker, Orchesterwierker oder Miniature fir de Clavecin.

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • 76. Filmfestival zu Venedeg

    Zu Venedeg ass déi 76. Editioun vum Filmfestival. Den Tom Dockal ass fir de radio 100,7 op der Plaz. All Dag pickt hie sech ee Film eraus, fir deen da méi genee ënner d'Lupp ze huelen.

  • Lëtzebuerg entdecken

    De Summer ass normalerweis déi Zäit, an där de Lëtzebuerger an d'Vakanz fiert. Mee net nëmmen am Ausland gëtt et vill ze entdecken, och hei am Land ginn et vill schéin Ausfluchsziler.

Net verpassen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen