Aktuelles

Hannergrënn iwwer déi lokal, national an international Aktualitéit. Um 6:20, 7:20, 8:23, 09:20 Auer.

"Déi lescht Etapp vun engem laange Marathon"

De fréiere PWC-Mataarbechter Raphaël Halet, ee vun den Haaptprotagonisten aus dem Luxleaks-Prozess ass zefridden: fir hie steet elo - wéi hie selwer seet - "déi lescht Etapp an engem laange Justiz-Marathon" un. De Mënscherechtsgeriichtshaff zu Stroossbuerg hat e Méindeg schonn seng Requête géint Lëtzebuerg als recevabel erkläert. D'Riichter zu Stroossbuerg wäerten deemno tranchéieren, ob d'Veruerteelung vum Raphaël Halet am Mäerz 2017 ee Verstouss géint den Artikel 10 vun der Mënscherechtskonventioun duerstellt - dat heescht, ob et ee Verstouss géint Meenungsfräiheet ass. De Raphaël Halet rechent domat, datt d'CEDH fréistens d'nächst Joer een Urteel schwätzt. Fir hien ass et schonn ee Succès, datt Stroossbuerg seng Requête ugeholl huet. D'Christiane Kleer huet mat him geschwat.

Rezent Emissiounen

Programm

  • Moies-Magazin

  • On air

    Iwwer Mëtteg

    • Kultur - Aweiung vum Ankaa Center zu Athen

  • Resonanzen

  • Spektrum

  • Ënnerwee

Dossieren

  • Europawahlen 2019

    Vum 23. bis de 26. Mee gëtt an der EU en neit Europaparlament gewielt. Zu Lëtzebuerg gëtt Sonndes, de 26. Mee gewielt. De radio 100,7 bericht iwwer d'Kandidaten an d'Enjeue vun dëse Wahlen.

  • Festival de Cannes 2019

    Alleguer d'Artikele vum Festival de Cannes 2019.

Communiquéen

  • Un nouveau directeur pour la radio 100,7

    Lors de sa réunion du mardi 26 mars 2019, le Conseil d'administration de l'Établissement de Radiodiffusion Socioculturelle a nommé Marc Gerges comme nouveau directeur de la radio 100,7.

  • radio 100,7 revue par ses pairs

    A la demande de la radio 100,7, l'Union Européenne de Radio-Télévision a procédé à une "revue par les pairs" des opérations de la radio 100,7.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen