Metal Meltdown

David Wagner

Eisen Hausmetaller David Wagner presentéiert Neiegkeeten aus der lokaler Metalzeen, Interviewe mat nationalen an internationale Museker, Album-Kritiken a Reviewe vu Concerten. Déi haartsten Emissioun um radio 100,7, Helm a Gurt si Pflicht!

Fusion Bomb - Concrete Jungle

Review vun der Woch: Fusion Bomb - Concrete Jungle (11/10)

D'lescht Woch huet déi jonk Thrash Metal Band Fusion Bomb hiren Debutalbum Concrete Jungle erausbruecht an d'Release op engem Concert am voll gefëllte Rockhal Floor gefeiert. An dësen Album huet et och verdéngt, kräfteg gefeiert ze ginn.. Den Album ass ganz einfach een Thrash Meeschterwierk, op deem sech d'Band am Verglach zu hirer scho gudder Debut EP Pravda nach emol ëm op mannst 2 Niveaue verbessert hunn, esouwuel a Punkto Songwriting, wéi och a Punkto Ausféierung.

D'Gittaren, déi op Pravda zwar scho cool waren, sinn e gudde Krack méi wëll ginn. Wa se op Pravda nach vill méi am Mid-Tempo ënnerwee waren, spruddele se op Concrete Jungle nëmme sou vun Energie, déi ee matrappt.

An awer gëtt et nach genuch mid-tempo Deeler an de Groove geet deemno och net verluer, grad esou wéi d'Melodie, déi virun allem an de fulminante Soloen d'Haaptbühn kritt.

D'Batterie, op där sech de Scott och immens verbessert huet, ass richteg tight, an och de Bass huet um Album seng Roll fonnt, esou dassmat dësen Elementer eng ganz zollitt Basis fir d'Lidder geluecht gin ass.

E gudde Krack verbessert huet sech och de Sänger Miguel. D'Kritik a Punkto Gesang op Pravda, nämlech dass ee quasi kee Wuert versteet, schéngt sech de Sänger zu Häerze geholl ze hunn; dat ass op Concrete Jungle nämlech netméi de Fall. Dobäi kënnt, dass de Gesang och méi divers ginn ass; e fänkt einfach méi mat senger Stëmm un, wéi virdrun.

Fusion Bomb hu sech mat hirem Debut definitiv eng Plaz an der internationaler Metal Zeen verdéngt; a mat de richtege Kontakter zur richteger Zäit wäert et hinne bestëmmt geléngen, vill mat hirer Musek ënnerwee ze sinn.

Playlist

Sepultura - Dead Embryonic Cells

Cellar Darling - The Spell

Dream Theatre - Fall Into The Light

Downfall Of Gaia - Of Withering Violet Leaves

Polar - Midnight

Employed To Serve - Force Fed

Fusion Bomb - Slam Tornado

Fallujah - Ultraviolet

Forever Still - Rew1nd

Behemoth - Havohej Pantocrator

At The Gates - The Night Eternal

Rezent Emissiounen

  • Testament, Calypso's Call & Fusion Bomb

    Keng Ballad um neien Testament Album. Dat huet de Gittarist Alex Skolnick am Interview vun dëser Woch bestätegt.. Donieft d'Debut-EP vu Fusion Bomb.

  • Fusion Bomb & Devin Townsend Project

    Et ass Anger Fest-Zäit! Haut mat der jonker Formatioun 'Fusion Bomb', déi an der Kufa hir Debut-E.P. 'Pravda' presentéiert!

  • Anger Fest & Allegaeon

    Et gëtt en neie Metal Festival am Land; déi éischt Editioun vum Anger Fest ass de 24. September zu Esch an der Kulturfabrik, an iwert déi geet et am Interview.

  • Nordic Rock Festival Veianen

    Eng ganz Parti nei Musek an am Interview geet et ëm den Nordic Rock Festival zu Veianen.

  • Blind Guardian & Twilight Force

    Am Interview d'Epic Metal Band Blind Guardian an am Review den neien Album vun der Power Metal Band Twilight Force.

  • Entombed A.D. & Equilibrium

    "Wacken ass nach ëmmer Underground", mengen Entombed am Interview um Wacken, deen et dës Woch am Metal Meltdown ze héiere gëtt

  • Miles To Perdition & Vader

    Miles To Perdition zielen iwwert hiert Erliefnis um Wacken an déi nei EP vu Vader gëtt reviewt.

  • Carnifex & Soilwork

    Déi nei Albumme gi virgestallt.

  • Sinsaenum & Hammers Of Misfortune

    Am Metal Meltdown huet den David Wagner haut eppes dobäi fir Frënn vum heavy Prog a vun enger vun den neie Bands vum fréiere Slipknot Drummer Joey Jordison.

  • Periphery & Witherscape

    Am Review sinn dës Kéier déi nei Albume vu Periphery a Witherscape.

  • Mindpatrol, Revocation & Deadlock

    Am Review sinn dës Kéier den neien Album vu Revocation a vun Deadlock

  • Dust Bolt & Pain of Salvation

    Dust Bolt sinn Headliner um 1. Anger Fest an der Kufa den 24. September. Den neien Album vun hinnen ass dofir dës Kéier am Review.

  • Assorted Nails: nei EP

    Mam Bob Wintersdorff geet Rieds iwwert "Zoophisticated".

  • Whitechapel & Rage

    Am Metal Meltdown gëtt et dës Woch nees zwee Reviewen: Den neien Album vu Whitechapel an deen neien Album vu Rage

  • Gojira & Dark Funeral

    Am Metal Meltdown ginn dës Kéier zwee nei Albumme reviewt, an zwar deen neie vu Gojira an deen neie vun Dark Funeral.

Programm

  • Virum Dag

  • On air

    Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

  • Resonanzen

  • Spektrum

Dossieren

  • Verfassungsreform

    D'Verfassung vun 1868 soll duerch eng nei Verfassung ersat ginn. 2009 gouf dëse Reformprozess formell lancéiert an nach ass d'Aarbecht net ofgeschloss. Et ass nach e Referendum iwwer den neien Text geplangt.

  • Literaturfestival "étonnants voyageurs"

    Iwwer de Päischtweekend stoung d'Literatur aus der ganzer Welt, awer och de Film an d'Ausstellungen am Mëttelpunkt an der klenger bretonescher Festungsstiedche Saint Malo.

Communiquéen

  • Un nouveau directeur pour la radio 100,7

    Lors de sa réunion du mardi 26 mars 2019, le Conseil d'administration de l'Établissement de Radiodiffusion Socioculturelle a nommé Marc Gerges comme nouveau directeur de la radio 100,7.

  • radio 100,7 revue par ses pairs

    A la demande de la radio 100,7, l'Union Européenne de Radio-Télévision a procédé à une "revue par les pairs" des opérations de la radio 100,7.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen