Musek am Gespréich

Et entstinn ëmmer erëm nei Initiativen, während gläichzäiteg al Formater a Fro gestallt ginn. Lëtzebuerger Museker doen ëmmer nees mat neie Projete vu sech schwätzen a Weltstare visitéieren a reegelméissegen Ofstänn de Grand-Duché. E variabelt Format fir alles dat, wat déi klassesch Musek zu Lëtzebuerg ubelaangt, gekoppelt mat der passender Musek.

D'Harfenistin Anaïs Gaudemard mat de Schüler aus der Europaschoul

Wa Kanner d'Harfenistin Anaïs Gaudemard treffen

E leschte Mëttwoch (13.2.2019) huet déi franséisch Harfenistin Anaïs Gaudemard am Kader vun der Serie Rising Stars e Récital an der Philharmonie gespillt. Ronderëm de Concert ass e pädagogesche Projet fir Schoulkanner tëschent 9 an 10 Joer aus der Europaschoul gelaf an Zesummenaarbecht mam radio 100,7 an der Philharmonie. D'Kanner haten d'Geleeënheet, d'Musekerin ze treffen an hir eng Panoplie vu Froen ze stellen  -  iwwer hir Carrière an och hiert Instrument. De Manuel Ribeiro huet de Projet begleet.

Rezent Emissiounen

Programm

  • Notturno

  • On air

    Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Net verpassen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen