Metal Meltdown

David Wagner

Eisen Hausmetaller David Wagner presentéiert Neiegkeeten aus der lokaler Metalzeen, Interviewe mat nationalen an internationale Museker, Album-Kritiken a Reviewe vu Concerten. Déi haartsten Emissioun um radio 100,7, Helm a Gurt si Pflicht!

Inzest

Review vun der Woch: Inzest - Collateral Damage (7/10)

Et gëtt jo mëttlerweil eng weider Inzestband vum Inzesthaff um Bricherhaff. A wéi der wahrscheinlech wësst, heescht dës och nach Inzest. Hir éischt Stécker, déi si virun enger Zäitchen erausbruecht haten, hat ech Iech jo well virgestallt, muer (9.2.) kënnt dann endlech den Debutalbum vun der Band eraus. "Collateral Damage" heescht en, an ech hu mir en dierfen am Virfeld ulauschteren.

Wéi erwaart, a wéi jo och well mat den zwou Singlen héieren, spillt de Quartett zimlech schnörkellosen, kalen a straight forwarde Black Metal vun der aler Schoul.

Woubäi schnörkellos och net 100 Prozent richteg ass, mee dat gëtt engem eréischt spéider bewosst, wann ee sech méi intensiv mam Album beschäftegt, an dann z. B. mierkt, dass op der eng oder anerer Plaz awer den een oder anere Fill, Riff oder Harmonie verstoppt ass, deen engem beim éischte Lauschteren net opgefall ass.

Am Géigesaz zu ville moderne Black Metal Bands, déi an der Tëscht op eng massiv Produktioun sëtzen, ass den Debutalbum vun Inzest ee kompletten Do it yourself Projet. Alles gouf am Proufraum um Bricherhaff opgeholl a vum Marc Fröhling gemixt a gemastert, dee relativ vill als Live-Mëscher ënnerwee ass an och déi zwee Heaven's Scum Albume gemaach huet. Ma wien dem Marc seng Aarbecht bësse kennt, dee weess, dass dat net heescht, dass alles wéi aus der Bécks kléngt. Sou héiert een zwar wuel, dass et eng DIY Produktioun ass, ma dat gëtt dësem Genre vu Musek genau dee richtege Bëss a raue Charme, deen e brauch.

Alles an allem ass Collateral Damage en Album, dee virun allem Old School Black Metal Fans dierft gefalen, ma natierlech ass och all anere wëllkomm, wann Inzest hiren Debut muer den Owend an der Remelénger Stuff virstellen.

Playlist

Mötley Crüe - Kickstart My Heart

Tyr - Sunset Shore

Eluveitie - Ategnatos

Korpiklaani - Kaljaa

Devil Master - Black Flame Candle

Arrival Of Autumn - The Endless

Inzest - Collateral Damage

Rage Of Light - Fallen

Anthem - Black Empire

Children Of Bodom - This Road

Fusion Bomb - Nyctophobia

Dreadnought - Vanitas


 

Rezent Emissiounen

  • Behemoth

    Am Mëttelpunkt steet den neien Album "I Loved You At Your Darkest".

  • Revocation

    Deen neien Album vu Revocation

  • MaYaN

    Am Mëttelpunkt en Interview mam Gittarist vu MaYaN, dem Frank Schiphorst.

  • The Spirit

    Am Interview héiert der haut de Frontmann vun The Spirit, déi mat hirem Debutabum direkt bei Nuclear Blast gelant sinn.

  • The Spirit

    Haut dréit sech de Review vun der Woch ëm déi nei däitsch Black Metal Band The Spirit, déi mat hirem Debut bei Nuclear Blast gelant sinn.
     

  • Mantar

    Release vun der Woch: Mantar - The Modern Art Of Setting Ablaze (8,5/10)

  • Deicide

    Deicide bréngen nees en neien Album eraus. Dofir gëtt et en Interview mam Frontmann a Matgrënner Glen Benton.

  • Mantar

    Den däitsche Sludge Duo Mantar steet am Mëttelpunkt.

  • Omnium Gatherum

    Am Interview ass de Gittarist a Grënner vun der finnescher Melodic Death Metal Band Omnium Gatherum.

  • Atomic Rocket Seeders

    D'Band ass nach ganz jonk, an awer huet si et op de Wacken gepackt: D'Atomic Rocket Seeders sinn am Interview.

  • Immortal

    Highlight vum Metal Meltdown haut: De Review vum neien Immortal Album Northern Chaos Gods

  • Metal Meltdown

    Nei Musek vun ënnert anerem Obscura, Revocation an Immortal.

  • Rotten Stones Festival

    Den Iwwerbléck mat den Organisateuren op de Festival zu Bäerdref an der Breechkaul

  • Wacken!!!

    Dee weltwäit gréisste Metal-Festival proposéiert vum 2. bis de 4. August bal 200 Bands op aacht Bühnen.

  • Marduk

    Am Mëttelpunkt vun der Emissioun steet den neien Album vum schwedeschen Urgestein Marduk, deen d'nächst Woch erauskënnt.

Programm

Dossieren

  • Europawahlen 2019

    Vum 23. bis de 26. Mee gëtt an der EU en neit Europaparlament gewielt. Zu Lëtzebuerg gëtt Sonndes, de 26. Mee gewielt. De radio 100,7 bericht iwwer d'Kandidaten an d'Enjeue vun dëse Wahlen.

  • Festival de Cannes 2019

    Alleguer d'Artikele vum Festival de Cannes 2019.

Communiquéen

  • Un nouveau directeur pour la radio 100,7

    Lors de sa réunion du mardi 26 mars 2019, le Conseil d'administration de l'Établissement de Radiodiffusion Socioculturelle a nommé Marc Gerges comme nouveau directeur de la radio 100,7.

  • radio 100,7 revue par ses pairs

    A la demande de la radio 100,7, l'Union Européenne de Radio-Télévision a procédé à une "revue par les pairs" des opérations de la radio 100,7.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen