Metal Meltdown

David Wagner

Eisen Hausmetaller David Wagner presentéiert Neiegkeeten aus der lokaler Metalzeen, Interviewe mat nationalen an internationale Museker, Album-Kritiken a Reviewe vu Concerten. Déi haartsten Emissioun um radio 100,7, Helm a Gurt si Pflicht!

Inzest

Review vun der Woch: Inzest - Collateral Damage (7/10)

Et gëtt jo mëttlerweil eng weider Inzestband vum Inzesthaff um Bricherhaff. A wéi der wahrscheinlech wësst, heescht dës och nach Inzest. Hir éischt Stécker, déi si virun enger Zäitchen erausbruecht haten, hat ech Iech jo well virgestallt, muer (9.2.) kënnt dann endlech den Debutalbum vun der Band eraus. "Collateral Damage" heescht en, an ech hu mir en dierfen am Virfeld ulauschteren.

Wéi erwaart, a wéi jo och well mat den zwou Singlen héieren, spillt de Quartett zimlech schnörkellosen, kalen a straight forwarde Black Metal vun der aler Schoul.

Woubäi schnörkellos och net 100 Prozent richteg ass, mee dat gëtt engem eréischt spéider bewosst, wann ee sech méi intensiv mam Album beschäftegt, an dann z. B. mierkt, dass op der eng oder anerer Plaz awer den een oder anere Fill, Riff oder Harmonie verstoppt ass, deen engem beim éischte Lauschteren net opgefall ass.

Am Géigesaz zu ville moderne Black Metal Bands, déi an der Tëscht op eng massiv Produktioun sëtzen, ass den Debutalbum vun Inzest ee kompletten Do it yourself Projet. Alles gouf am Proufraum um Bricherhaff opgeholl a vum Marc Fröhling gemixt a gemastert, dee relativ vill als Live-Mëscher ënnerwee ass an och déi zwee Heaven's Scum Albume gemaach huet. Ma wien dem Marc seng Aarbecht bësse kennt, dee weess, dass dat net heescht, dass alles wéi aus der Bécks kléngt. Sou héiert een zwar wuel, dass et eng DIY Produktioun ass, ma dat gëtt dësem Genre vu Musek genau dee richtege Bëss a raue Charme, deen e brauch.

Alles an allem ass Collateral Damage en Album, dee virun allem Old School Black Metal Fans dierft gefalen, ma natierlech ass och all anere wëllkomm, wann Inzest hiren Debut muer den Owend an der Remelénger Stuff virstellen.

Playlist

Mötley Crüe - Kickstart My Heart

Tyr - Sunset Shore

Eluveitie - Ategnatos

Korpiklaani - Kaljaa

Devil Master - Black Flame Candle

Arrival Of Autumn - The Endless

Inzest - Collateral Damage

Rage Of Light - Fallen

Anthem - Black Empire

Children Of Bodom - This Road

Fusion Bomb - Nyctophobia

Dreadnought - Vanitas


 

Rezent Emissiounen

  • Skull Pit

    Den Debutalbum vum neie Projet "Skull Pit" ënner der Lupp

  • Abstract Rapture

    Am Interview sinn den Drittt an de Spit vun Abstract Rapture; et geet ëm hiren neien Album "Hollow Motion"

  • Artillery

    Dës Kéier am Fokus: Den neien Artillery Album

  • Soulfly

    Am Mëttelpunkt steet haut deen neien Album "Ritual".

  • Opeth

    Am Mëttelpunkt steet den neie Live-Album vun der schwedescher Progressive Metal Band Opeth: "Garden of the Titans"

  • Opeth & God Dethroned

    Zwee Interviewen um Programm: De Gittarist vun Opeth, Fredrik Akesson an den Drummer vu God Dethroned, Michiel van der Plicht.

  • Metal Meltdown

    Nei Musek vun ënnert anerem Unleashed, Warkings an Disturbed.

  • Blind Guardian

    D'Re-Issues vun den éischte véier Blind Guardian Albume stinn am Mëttelpunkt.

  • Behemoth

    Am Mëttelpunkt steet den neien Album "I Loved You At Your Darkest".

  • Revocation

    Deen neien Album vu Revocation

  • MaYaN

    Am Mëttelpunkt en Interview mam Gittarist vu MaYaN, dem Frank Schiphorst.

  • The Spirit

    Am Interview héiert der haut de Frontmann vun The Spirit, déi mat hirem Debutabum direkt bei Nuclear Blast gelant sinn.

  • The Spirit

    Haut dréit sech de Review vun der Woch ëm déi nei däitsch Black Metal Band The Spirit, déi mat hirem Debut bei Nuclear Blast gelant sinn.
     

  • Mantar

    Release vun der Woch: Mantar - The Modern Art Of Setting Ablaze (8,5/10)

  • Deicide

    Deicide bréngen nees en neien Album eraus. Dofir gëtt et en Interview mam Frontmann a Matgrënner Glen Benton.

Programm

  • Virum Dag

  • On air

    Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

  • Resonanzen

  • Spektrum

Net verpassen

  • Komponist vum Mount: Ludwig van Beethoven

    Ludwig van Beethoven

    De Ludwig van Beethoven war deen drëtte Ludwig a senger Famill, deen zweete Museker mat deem Numm a bei wäitem de prominentsten. Éiweg krank an dacks onglécklech verléift, war de Beethoven als Mënsch stuer a verbruet, als Komponist rebellesch, onkonventionell a revolutionär.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen