Jazzin' Around

Pit Dahm Pol Belardi

Ass dat do nach Jazz?

Jazz ass hautdesdaags alles wat lieweg, opgereegt a frësch kléngt. D'Grenzen an d'Tiräng verschwanne lues a lues. Vun de Grondingrediente bleift haaptsächlech nach d'Improvisatioun iwwereg.

De Pit Dahm an de Pol Belardi presentéieren den Jazz an all sengen Zoustänn, vu senger Urgestalt zu New Orleans bis zum moderne Gewand vu senge villen Derivater, sief et Funk, Groove, Hip-Hop, Electro, Post-Rock oder World Music.

Austin Peralta

Verschidden Jazzmuseker verloossen eis leider vill ze fréi. An deem Fall kann ee sech nëmme virstellen, wat si nach alles vun imposanter Musek an hirem Liewe gemaach hätten. Den Austin Peralta ass esou ee Fall. Nach éier hien 20 Joer al ass, entwéckelt hien eng staark Stëmm an e charakteristesche Langage, spillt souwuel mat Veterane wéi Ron Carter a Buster Williams, wéi och mat der jonker Garde vu Museker, déi mëttlerweil net méi ewechzedenke sinn, wéi dem Ben Wendel oder dem Thundercat. De Pit Dahm an de Pol Belardi beliichte säi Wierk, dat bis zu sengem trageschen Doud am Joer 2012 erauskoum.

Rezent Emissiounen

  • Holland

    E puer jonk a manner jonk Talenter, déi souguer deelweis zesummen op der hollännescher Jazzbühn stinn.

  • Tribute Show

    Jazzmuseker fir Jazzmuseker mat Musek vun ënner anerem Donald Byrd, Charles Mingus oder Stevie Wonder

  • Beam - Flight Dream

    Deen neien CD vum jonken, opreegende Quartett, entstanen aus enger Zesummenaarbecht vun zwee lëtzebuergeschen an zwee israelesche Museker.

  • Jazzin' Around

    Elektronësch Sound am Jazz? Hautdesdaags quasi eng Normalitéit.

  • Traditional Jazz och nach haut?

    Wat dreift eng Band dozou, haut nach Jazz am Sënn vun der Traditioun ze spillen? Fakt ass, dass et nach ëmmer jonk Museker ginn, déi dat op eng meeschterhaft Aart a Weis ausféieren an hier Plaz an der aktueller Jazzlandschaft hunn. 

  • LOVE

    Léift ...en éiwegt Thema an der Konscht a wahrscheinlech ee vun deene gréissten Impulser, déi een Artist dozou dreift, kreativ ze sinn.

  • Solo Piano

    D'Kinneksdisziplin vum Jazz nieft dem Trio. Réckbléck op déi lescht honnert Joer mat Musek vun ënner anerem Art Tatum, Lennie Tristano oder nach Keith Jarrett.

  • BADBADNOTGOOD

    De kanadesche Kollektiv rëselt déi musikalesch Welt duerchernee mat engem opreegende Mix aus Jazz a Groove, gefiddert mat villen Hip-Hop Elementer.

  • What's that sample?

    Loops a Grooves ginn dacks aus gesampeltem Material vu bestoenden Opname gemaach: J. Dilla vs. Miles Davis, The Roots vs. Bucky Pizzarelli, ...

  • Neies an Ales zesummen

    Dat ass näischt Neits. Vermësche vu verschiddene Stiler ass net nëmmen haut a Moud. Musek vu Fréier an Haut, déi vun esou Mëschunge lieft. 
     

     

  • Jazzin' Around...déi éischt!

    An der Pilot-Episod vun dëser neier Serie Ronn em den Jazz présentéiert de Pit Dahm an de Pol Belardi hier Coup de Coeur'en vum Summer 2018.

Programm

  • Spektrum

  • On air

    Ënnerwee

    • Haut um radio 100,7

  • Time Out

  • Jazz Unlimited - Fënnef Dammen op der Bühn

  • Jazz Unlimited - RESET 2019

Dossieren

  • Lëtzebuerg entdecken

    De Summer ass normalerweis déi Zäit, an där de Lëtzebuerger an d'Vakanz fiert. Mee net nëmmen am Ausland gëtt et vill ze entdecken, och hei am Land ginn et vill schéin Ausfluchsziler.

  • Verfassungsreform

    D'Verfassung vun 1868 soll duerch eng nei Verfassung ersat ginn. 2009 gouf dëse Reformprozess formell lancéiert an nach ass d'Aarbecht net ofgeschloss. Et ass nach e Referendum iwwer den neien Text geplangt.

Communiquéen

  • Un nouveau directeur pour la radio 100,7

    Lors de sa réunion du mardi 26 mars 2019, le Conseil d'administration de l'Établissement de Radiodiffusion Socioculturelle a nommé Marc Gerges comme nouveau directeur de la radio 100,7.

  • radio 100,7 revue par ses pairs

    A la demande de la radio 100,7, l'Union Européenne de Radio-Télévision a procédé à une "revue par les pairs" des opérations de la radio 100,7.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen