Ee Mount, een Thema

André Dübbers

De radio 100,7 verdéift all Mount e speziellen Themeberäich. Dës Programm-Schwéierpunkten zéie sech duerch vill Emissiounen a Reportagen a bidden dem Nolauschterer Hannergrondinformatiounen an deels ënnerschiddlech Approchen zum Thema vum Mount.

Thema vum Mount: Bicher a Liesen

Bibliothéike spillen eng zentral Roll bei der Verbreedung a Promotioun vu Bicher. Gewéinlech si si dat bëllegst an efficact Instrument fir Gedrécktes ënnert d’Ae vum Lieser ze bréngen. Als ëffentlech Ariichtungen entspriechen hir Déngschter gewéinlech den nationale Besoinen a Méiglechkeeten, sief et an enger Stad oder um Land. Lëtzebuerg huet eng grouss Zuel vun ënnerschiddleche Bibliothéiken, déi de radio 100,7 gréisstendeels scho virgestallt huet.
Eng Bibliothéick brauch forméiert a kompetent Personal.
D’ALBAD, d’ Association Luxembourgeoise des Bibliothécaires, Archivistes et Documentalistes gouf 1991 gegrënnt a vereent d’Frënn vu Bibliothéiken, Archiven an Dokumentatiounszentren, déi zu Lëtzebuerg schaffen. Als nationale Veräin ass si unerkannte Member vun der IFLA (International Federation of Library Associations). E Gespréich mat Vertrieder vun der ALBAD, iwwer déi aktuell Situatioun vum Bibliothecaire an iwwer d’Perspektive vun hirer Passioun zum Buch. (Rediff. um 19.30)

Rezent Emissiounen

  • Woodstock - déi laang Sich no engem Site

    De Woodstock Festival dréit säin Numm eigentlech zu Onrecht - organiséiert gouf en op engem Terrain, dee 70 Km vu Woodstock ewech läit.

  • Woodstock Ventures - mir organiséieren e Festival

    Véier Jonker hunn 1969 d'Iddi, e Rockfestival iwwer dräi Deeg ze organiséieren a grënnen dorops hi Woodstock Ventures.

  • Trauma Vietnam

    De Krich am Vietnam ass an de 60er Joren en doninante Sujet an den USA. Dee militäreschen Engagement steet ëmmer méi an der Kritik.

  • Black Revolution

    Houfreg, schwaarz ze sinn: an den USA vun de 60er Joren erhiewen ëmmer méi Leit d'Stëmm géint d'Rassendiskriminéierung.

  • 1969

    E Joer wéi keen anert. Ee Joer mat gudden Erënnerungen, mee och mat Evenementer, déi een zum Nodenke bréngen.

  • Master in Space

    D'Uni Lëtzebuerg an d'Regierung maachen de Lien tëschent Fuerschung an Ekonomie.

  • One small step for men - One giant leap for mankind

    Viru 50 Joer, den 21. Juli 1969 huet den amerikaneschen Astronaut Neil Armstrong als éischte Mënsch säi Fouss op de Mound gesat.

  • Astrologie - Philosophie oder Hokuspokus?

    D'Perséinlechkeet analyséieren an Entwécklungschancen erkennen, dat ënnerscheet déi psychologesch a spirituell Astrologie vum Bléck an d'Glaskugel.

  • Vollmound an Neiliicht

    Gi mir nom Mound? Mir ginn där Fro no.

  • Fly Me To The Moon

    Liewen um Mound - nach eng Visioun, déi awer scho geschwënn Realitéit kéint ginn.

  • D'Minette am Weltraum

    D'Luxembourg Space Agency an den ambitiéise Projet vum Space Mining.

  • D'Stärekuckerten oder d'Limitte vun der Virstellungskraaft

    De klenge Won, de grousse Won an awer och de Mound, faszinéiert d'Astronomen.  

  • Rechter a Flichten

    Den europäesche Konsumenteschutz huet an deene leschte Jore vill erreecht.

  • Europawahlen: D'Entwécklung vum Europaparlament

    Vum konsultativen Organ zu engem politesche Matdecideur um europäeschen Niveau - dat ass d'Geschicht vum Europaparlament.

  • Queesch duerch Europa - Ungarn

    An eiser Reportage-Serie geet d'Danièle Weber de Froen no, wat et bedeit am Ungarn vum Victor Orbán a senger Fidesz-Partei ze liewen.

Programm

Dossieren

  • Lëtzebuerg entdecken

    De Summer ass normalerweis déi Zäit, an där de Lëtzebuerger an d'Vakanz fiert. Mee net nëmmen am Ausland gëtt et vill ze entdecken, och hei am Land ginn et vill schéin Ausfluchsziler.

  • Verfassungsreform

    D'Verfassung vun 1868 soll duerch eng nei Verfassung ersat ginn. 2009 gouf dëse Reformprozess formell lancéiert an nach ass d'Aarbecht net ofgeschloss. Et ass nach e Referendum iwwer den neien Text geplangt.

Communiquéen

  • Un nouveau directeur pour la radio 100,7

    Lors de sa réunion du mardi 26 mars 2019, le Conseil d'administration de l'Établissement de Radiodiffusion Socioculturelle a nommé Marc Gerges comme nouveau directeur de la radio 100,7.

  • radio 100,7 revue par ses pairs

    A la demande de la radio 100,7, l'Union Européenne de Radio-Télévision a procédé à une "revue par les pairs" des opérations de la radio 100,7.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen