Den Jazzbatteur Pit Dahm huet sech en Numm gemaach net nëmme mat senger eegener Band Pit Dahm Quartet, mee och als Sideman vu villen anere Bands vu senge Musekerkolleegen.
Den Jazz huet de Pit Dahm zu Amsterdam an och um Conservatoire Royal vu Bréissel geléiert, wou hie seng Studie mat engem Master ofgeschloss huet.
Säi musikalesche Goût ass ganz eklektesch: Jazz, Klassik, Electro, Funk, Soul an aner Stilrichtungen.
De Pit Dahm war beim Manuel Ribeiro fir eng musikalesch Visittekaart.