Wierder op der Rees

Jean Portante

D'Rees, déi eenzel Wierder hanner sech bruecht hunn, bis se hir Plaz am aktuelle Sproochgebrauch fonnt hunn, ass ëmmer nees interessant.

Equipe

Si mir op engem Schëff, wa mir Fussball spillen? Wat eng domm Fro, sot dir elo bestëmmt. Huet hie se nach all? Wat huet de Fussball mat engem Schëff ze dinn. Ganz vill. Op d'mannst, wa mir vum Wuert "Equipe" ausginn. Gleeft der et net? Da kommt mat op d'Rees.

Rezent Emissiounen

  • Populismus

    Et sinn dacks laang Weeër, déi e Wuert bis an eis Zäit zeréckgeluecht huet.

  • Mozzarella

    De Jean Portante hëlt eis mat an Italien an erkläert, wou ee vun den Ingrediente vun der Pizza säin Numm hierhuet.

  • Mayonnaise

    Kee Ketchup, just e bësse Moschter, mee virun allem d'Mayonnaise an den Ursprong vun deem Wuert interesséieren.

  • Minister

    Déi ursprénglech Bedeitung vum Wuert Minister war: méi kleng maachen. Et ass also e Wuert, dat eng wäit a laang Rees hanner sech huet.

  • Finanz

    D'Finanzen an d'Urspréng vun dësem Wuert, bei deenen et egal ass, ob mir an den däitschen oder franséische Sproochraum kucke ginn.

  • Cockpit

    Mam Wuert Cockpit op d'Rees goen.

  • Ciao

    Venedeg ass den Ursprong vum Wuert Cia".

  • Text

    Den Text bitt Stoff fir driwwer ze schwätzen.

  • Applaus

    E Wuert, dat d'Réimer schonn an hirer Sprooch haten.

  • Absurd

    Alles anescht wéi absurd ass d'Rees vum Wuert "absurd" duerch d'Geschicht vun der sproochlecher Entwécklung.

  • Computer

    E Wuert, dat aus dem Franséische koum, de Wee dohinner zeréck awer net méi fonnt huet.

  • D'Post

    D'Originne vu Wierder an Ausdréck, déi eis dagdeeglech begleeden.

  • Natur an Natioun

    Den Auteur Jean Portante erkläert Wierder aus dem deegleche Gebrauch a verréit, wou dës Wierder hierkommen a wéi si hir aktuell Form kruten.

  • Chômage

  • Douche

    Den Auteur Jean Portante erkläert Wierder aus dem deegleche Gebrauch a verréit eis wou dës Wierder hirkommen a wéi si hir aktuell Form kruten.

Programm

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Net verpassen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen