Riicht eraus

Eng Stonn Hannergrondinformatioun: en Invité steet Ried an Äntwert zu der Aktualitéit.

De Marco Lorenzini e Schauspiller mat Leif a Séil

Marco Lorenzini

Hien ass en Acteur, dee sech wéi der net vill och kierperlech kënne veränneren, e Charakterkapp wéi een och gäre seet. A dofir sti sécher dräi Rollen aus der leschter Zäit. Wéi am Jaco van Dormael sengem Film "Le tout nouveau Testament" mat an der Haaptroll dem belge Komiker Benoit Poelvoorde an der Grousser Catherine Deneuve, an dësem Film huet hien de Victor, de Clochard gespillt mat Vollbart a laangen Hoer. Oder  viru kuerzem an de Myriam Muller hirer Mise en scène vum "Rumpelstilzchen". Oder am Andy Bausch sengem Film "Rusty Boys" wou hien de Fons an der "Altergang" gespillt huet. E Liewen als Berufsschauspiller ass de Wee, deen de Marco Lorenzini gewielt huet. Vum Koméidistéck bis bei Charakterrollen, hien deckt déi ganz Palett of. Wéi war an ass et, fir als professionellen Acteur zu Lëtzebuerg iwwer d'Ronnen ze kommen? Géif hien dee Wee nach eemol goen? Wéi gesäit hien den Theater zu Lëtzebuerg? A wat ware seng schéinst Amenter op der Bühn oder virun der Kamera? Dat si Froen, op déi de Marco Lorenzini an der Emissioun Riicht Eraus dem Jean Claude Majerus Äntwerte gëtt.

Rezent Emissiounen

Programm

Net verpassen

  • Suicidegefor am Alter: En Tabuthema

    Suicidegefor am Alter

    Persounen iwwer 75 Joer si besonnesch ufälleg fir sech d'Liewen ze huelen. Eng rezent Campagne fir "Suicidepreventioun am Alter" weist, datt Seniore sech dräi bis véier Mol méi dacks suicidéiere wéi Jonker ënner 25 Joer. E puer vun de Grënn si sozial Isolatioun, Solitude oder Depressiounen.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen