Generator

De jonke Sujet um radio 100,7. Mam Weekend deen op vollen Touren dréint, Gäscht am Interview, Sortien, Trends, Gigs ... a villes méi

De Julien vun District 7.

Generator

Am Mee kënnt hire neien Album eraus, déi éischt zwee Lidder kann ee sech awer elo schonn ulauschteren, déi Lëtzebuerger Indie-Pop Formatioun District 7. De Sänger a Gittarist Julien ass beim Pit am Studio a wäert iwwer d'Aarbecht am Studio an och déi musikalesch Entwécklung vun der Band schwätzen. Donieft si fënnef Schüler aus dem LTL am Generator. Si hunn e Video gedréit, an deem Persounen aus der LGBTQ-Communautéit iwwer hir Erfarunge ronderëm hire Coming-Out schwätzen. Wéi et zum Video koum a wéi si de Moment d'Situatioun a Lëtzebuerg aschätzen, wäerte si erzielen.

Playlëscht:

  1. Pressyes - Summertime
  2. Queens Of The Stone Age  - Go With The Flow
  3. District 7 - Cross My Heart
  4. District 7 - Gone
  5. Hazel English - Control
  6. De Läb - Dialekter
  7. Christine And The Queen - The Walker
  8. Queen - Bohemian Rhapsody
  9. Polica - Fist Teeth Money
  10. Mutiny On The Bounty - Mapping The Univers

 

D'Andrea, d'Sofia, d'Vera, de Rayan an de Stéphane aus dem LTL.

Rezent Emissiounen

  • Generator

    D'Rapper vu Stayfou si bei eis am Studio.

  • "How To Bourse"

    An engem Video kläert d'ACEL d'Froen, déi een ëm d'Studentebourse kéint hunn. Donieft hu mir nogefrot, u wat een als Student soss nach denke muss.

  • Kann ech dech upaken? aka Feminismus

    "Maacht wat der wëllt, mee schwätzt et of." D'Milena Steinmetzer schwätzt mat eis iwwer Konsens.

  • Fifa Sportler

    Zwee Lëtzebuerger zielen iwwer professionellen Fifa Sport zou Lëtzebuerg.
     

  • Youth for Climate

    Lëtzebuerger Subkulturen dës Woch mat zwee jonke Klimaaktivisten

  • Generator

    Le Vibe sinn am Studio fir iwwer hiren neien Album ze schwätzen. An den FC Esch United ass Thema, eng Fussball-Equipe, déi aus Refugiéë besteet.

  • Generator

    Et ass e frëndlechen Astronaut am Studio, et geet ëm de neie Joker Film an ëm den Zuch, mat dem den Harry Potter a senge Filmer fiert.

  • Generator

    D'Metal-Formatioun Arduinna's Dawn stellen hir éischt Single vir an et ginn Informatiounen zum Last Summer Dance-Festival.

  • Generator

    Architektur an d'Schueberfouer stinn am Mëttelpunkt. Donieft gëtt et nach e Buch-Tipp.

  • Generator

    Mir schwätzen haut iwwer Yoga an et gëtt en Abléck an d'Museksredaktioun vum radio 100,7.

  • Generator

    Et geet ëm en Elektro-Festival hei zu Lëtzebuerg an ëm eSports.

  • Generator

    De Sébastien ass fir e gudden Zweck mam Vëlo vun Esch op Roum gefuer an ass am Studio op Besuch. Donieft ginn et nach zwou Filmkritiken.

  • Generator

    Et geet ëm d'Mini-Entreprise Say It an de BD Festival leschte Weekend zu Contern.

  • Generator

    Scavenger's Lunch sinn op Besuch. Donieft geet et ëm d'Organisatioun SOS Faim an e Gemeinschafts-Bongert.

  • Generator

    Mir kucken dës Woch op komplex Kaartespiller an d'Ëmwelt ass en Thema.

Programm

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Net verpassen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen