Sandro Dimola a Romain Schanck
Muer Sonndeg 3. Mäerz ass zu Dikrech nees eng méi lass. Et ass de Rendez-vous fir déi 40. Editioun vun der Dikrecher Kavalkad, een absolute Must fir vill Fuesboken. Rieds geet natierlech iwwer d'Kavalkad vum Sonndeg, wéi och iwwer d'Geschicht vun där Traditioun zu Dikrech an iwwer den Organisateur, d'Asbl D'Eselen aus der Sauerstad Dikrich.