Musek am Gespréich

Et entstinn ëmmer erëm nei Initiativen, während gläichzäiteg al Formater a Fro gestallt ginn. Lëtzebuerger Museker doen ëmmer nees mat neie Projete vu sech schwätzen a Weltstare visitéieren a reegelméissegen Ofstänn de Grand-Duché. E variabelt Format fir alles dat, wat déi klassesch Musek zu Lëtzebuerg ubelaangt, gekoppelt mat der passender Musek.

Vu Russland iwwer Spuenien an den Orient

Eng musikalesch Vertounung vun engem Insekt, déi bis haut eent vun deene bekanntste Stécker aus der Museksgeschicht ass: Rieds ass vum Nikolai Rimski-Korsakow sengem Hummelflug. Et ass virun allem den Tempo vun dësem Stéck, dee faszinéiert. Mëttlerweil ginn et honnerten Adaptatioune fir all méiglech Instrumenter a Besetzungen. All grousse Virtuos wëllt beweisen, datt och hien den Hummelflug op sengem Instrument beherrscht. Nieft dëser musikalescher Ëmsetzung vun der Bommel hirem Fluch, ass den Nikolai Rimski-Korsakow virun allem fir seng sinfonesch Dichtung Scheherazade bekannt, wou hie Geschichten aus Dausendanenger Nuecht musikalesch verzielt.

De Manuel Ribeiro an de Luc Boentges lauschteren ënner anerem an dës béid Stécker eran a proposéieren en éischte musikaleschen Aperçu vum Nikolai Rimski-Korsakow, dem Komponist vum Mount Mäerz vum radio 100,7.

Rezent Emissiounen

  • De Pianist a Pädagog Gary Müller

    De Museker war laang Joren Enseignant am Stater Conservatoire.

  • De Jochem Hochstenbach

    Am Gespréich mam Generalmusikdirektor vun Tréier

  • De Bodo Busse, Intendant vum Staatstheater Saarbrécken

    Vum Landestheater Coburg op Saarbrécken an de Staatstheater

  • Détente sous l'Olivier

    Musikalesch Causerien mam Olivier Dartevelle

  • De Marly Marques 5tet

    Véier Museker ronderëm eng Sängerin

  • De Paul Mootz

    De fréiere Professer fir Perkussioun am Stater Conservatoire presentéiert seng musikalesch Visittekaart.

  • Den Ivan Boumans

    De Komponist an Dirigent presentéiert seng musikalesch Visitekaart.

  • Vum Concertssall an de Flüchtlingscamp

    D'Fondatioun EME mat OPL-Museker an engem Flüchtlingscamp a Griichenland, no der europäescher Tournée am Juni 2019

  • De Marco Battistella am Gespréich

    Wéi huet d'Musekskultur an d'Medielandschaft zu Lëtzebuerg sech an de leschte 25 Joer verännert ?

  • Iwwert d'Grenzen gekuckt

    De Bléck op d'Saison 2019/2020 vun de Concertsheiser zu Tréier, Saarbrécken a Metz

  • Dirigent a Globetrotter

    Am Gespréich mam Pietari Inkinen, zanter 2017 Chefdirigent vun der Deutschen Radio Philharmonie Saarbrücken Kaiserslautern

  • De Food For Your Senses ass dout - an elo?

    Wéi attraktiv ass Lëtzebuerg fir Museksfestivalen? A wéi eng Roll spillt d'Politik?

  • Stell deng Fro!

    E Museksjournalismus-Workshop vun der Philharmonie an dem radio 100,7 mat Schüler aus dem Lycée St.-Sophie.

  • Cyprien Keiser

    De jonken Cellist presentéiert seng ganz perséinlech Playlëscht a gëtt en Abléck a seng Vue op d'Musek.

  • De Martin Folz

    De Responsabele vun der Chouerschoul am Conservatoire du Nord gëtt Direkter vum Chouer vum Tréierer Theater. 

Programm

  • Moies-Magazin

  • On air

    Iwwer Mëtteg

    • Kultur

  • Resonanzen

  • Spektrum

  • Ënnerwee

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen