Aktuelles

Hannergrënn iwwer déi lokal, national an international Aktualitéit. Um 6:20, 7:20, 8:23, 09:20 Auer.

Business a Mënscherechter

Kanneraarbecht, Sklaverei, Mënschenhandel. Verstéiss géint Mënscherechter sinn och Konsequenze vu der globaliséierter Konsumgesellschaft. Mee vill Konsumente wëlle keng Produite méi, déi z. B. vu Kanner produzéiert goufen; oder Suen a Betriber investéieren, déi Waffe produzéieren. Dowéinst integréiere vill Betriber de Respekt vu Mënscherechter fräiwëlleg an hir Business Strategie. Et gëtt och e gewëssenen Drock, fir se gesetzlech méi dozou ze verflichten. De Pierre Reyland mat Hannergrënn.

Rezent Emissiounen

Programm

  • Virum Dag

  • On air

    Moies-Magazin

    • Invité am Moies-Magazin - Tuğsal Moğul

  • Iwwer Mëtteg

  • Resonanzen

  • Spektrum

Net verpassen

Dossieren

  • Weltdag vun de Kannerrechter

    Den 20. November ass de Weltdag vun de Kannerrechter. De radio 100,7 presentéiert an deem Kader verschidde Reportagen an Interviews, fir iwwer d'Rechter vun de Kanner opmierksam ze maachen.

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen