Kultur

Interviewen, Kritiken, Commentairen a Reaktiounen zur kultureller Aktualitéit

Wat wousst de Poopst Pius XII?

De Poopst Pius XII war vun 1939 bis zu sengem Doud 1958 Chef vun der kathoulescher Kierch. Mee d'Roll, déi de Poopst Pius XII a sengem Pontifikat hat, ass bei Historiker bis haut ëmstridden, besonnesch d'Zäit vun Zweete Weltkrich an der Nazi-Diktatur. Wat wousst de Vatikan iwwer déi grujeleg Dote vun den Nazien, a wat huet se géint den Antisemitismus gemaach. Froen, déi bis haut nach keng Äntwert fonnt hunn. Mee vläicht ännert sech elo geschwënn dee Wëssensstand. Den aktuellen Poopst François mécht, wéi hien e Méindeg annoncéiert huet, deen Deel vum geheime Vatikan-Archiv iwwer den ëmstriddene Poopst Pius XII fir Fuerscher nächst Joer op. Detailer Jean Claude Majerus.

 

Rezent Emissiounen

Programm

  • Virum Dag

  • On air

    Moies-Magazin

    • Kultur - CinEast: Eng Mamm an der Ongewëssheet

  • Iwwer Mëtteg

  • Resonanzen

  • Spektrum

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Net verpassen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen