Papperlapop

Jamie Reinert

Tirangsdenke war gëschter. Genren a Stiler spillen ëmmer manner eng Roll an der Musek. An enger Welt, déi sech séier verännert ass alles erlaabt. Den Jamie Reinert guidéiert Iech duerch den Dschungel vun Tendenzen, schwätzt mat Museker, Labelen a Kritiker a geet de Saachen op de Fong.

Thelma

Op "The Only Thing" zielt d'Natasha Jacobs (Thelma) iwwer den Impakt vun enger chronescher Krankheet op hir Musek an d'Daseinsberechtegung als Mënsch a Kënschtlerin. Schwéier Sujeten, déi awer op eng verspillten an hoffnungsvoll Manéier ëmgesat goufen. Den Jamie Reinert huet sech mat der Thelma ënnerhalen.

Donieft héiere mir dee kierzlech verstuerwenen Talk Talk Frontman Mark Hollis an engem BBC Interview, den 2. Februar 1983.

Playlist:

  1. Thelma - Take Me To Orlando (The Only Thing, 22.02.2019 - Thelma)
  2. Thelma - Stranger Love (The Only Thing, 22.02.2019 - Thelma)
  3. Thelma - Chosen Ones (The Only Thing, 22.02.2019 - Thelma)
  4. Talk Talk - Tomorrow Started (It's My Life, 02.1983 - EMI)
  5. Talk Talk - Such a Shame (It's My Life, 02.1983 - EMI)
  6. Talk Talk - Dum Dum Girl (It's My Life, 02.1983 - EMI)
  7. twain - Little Dog Mind (New Miami v.) (New Miami Sound, 25.01.2019 - Keeled Scales)
  8. Frank Youngwerth - Whan I See You (Tight Vocal) (Whirr, 01.03.2019 - Numero Group)
  9. Tindersticks - Willow (feat. Robert Pattinson) (Single, 28.02.2019 - City Slang)

Rezent Emissiounen

Dossieren

  • 76. Filmfestival zu Venedeg

    Zu Venedeg ass déi 76. Editioun vum Filmfestival. Den Tom Dockal ass fir de radio 100,7 op der Plaz. All Dag pickt hie sech ee Film eraus, fir deen da méi genee ënner d'Lupp ze huelen.

  • Lëtzebuerg entdecken

    De Summer ass normalerweis déi Zäit, an där de Lëtzebuerger an d'Vakanz fiert. Mee net nëmmen am Ausland gëtt et vill ze entdecken, och hei am Land ginn et vill schéin Ausfluchsziler.

Communiquéen

  • Un nouveau directeur pour la radio 100,7

    Lors de sa réunion du mardi 26 mars 2019, le Conseil d'administration de l'Établissement de Radiodiffusion Socioculturelle a nommé Marc Gerges comme nouveau directeur de la radio 100,7.

  • radio 100,7 revue par ses pairs

    A la demande de la radio 100,7, l'Union Européenne de Radio-Télévision a procédé à une "revue par les pairs" des opérations de la radio 100,7.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen