CD-Klassik

Nei Produktiounen aus dem klassesche Beräich a Suggestiounen fir Är Diske-Sammlung.

(c) wienersymphoniker.at

Beethoven mat de Wiener Symphoniker

Am Ganze solle fënnef Diske vun de Wiener Symphoniker erauskomme mat sämtleche Sinfonië vum Beethoven, ënner der Direktioun vum Philippe Jordan. De Label vum Orchester huet elo déi 6. Sinfonie, Pastorale an déi 8. erausginn, mat Opname vu Mee 2017 aus dem faméise Gëllene Sall vu Wien.

Genee wéi déi Diske virdrun ass dëse véierten aus der Serie ganz gelongen a bitt eng exzellent Alternativ zu den bekannten Referenzopnamen. De Manuel Ribeiro huet sech dësen Disk genee unhéieren.

Ludwig van Beethoven:

  • Sinfonie Nr. 6 a fa majeur, opus 68, Pastoral
  • Sinfonie Nr. 8 a fa majeur, opus 93

Wiener Symphoniker; Direktioun: Philippe Jordan, WS016

Rezent Emissiounen

Programm

  • Moies-Magazin

  • On air

    Iwwer Mëtteg

  • Resonanzen

  • Spektrum

  • Ënnerwee

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Net verpassen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen