Espresso Beats

Philippe Hansen

All Woch reent et nei Relasen déi d'Museklabelen uechter d'Radiolandschaft schécken. Am Espresso Beats maache mir all Samschdeg de Choix a proposéieren eng Selektioun vun topaktuellen Titelen ... dacks schonns virun hirer offizieller Sortie! Als Vintage-Beitrag kucke mir doriwwer eraus op en eelere Song deen Androck hannerlooss huet. Mam Philippe Hansen.

Espresso Beats

De Marc Clement entféiert Iech net nëmmen zwanzeg Joer an d'Vergaangenheet, mee och an d'Räich vun de gëftege Blummen, mat der Tori Amos hirem freneteschen Titel "Datura". Eemol op d'Venus an zeréck, esou huet et 1999 den Album-Titel versprach a mir ginn eragezunn an d'Fra-sinn, d'Bestietnis, d'Gebuert an eng Fausse couche, déi op "Datura" enger emanzipéierter Leidenschaft entgéintgesat stinn.

Nick Cave, AC/DC, Kylie Minogue. Dat sinn alles weltberühmte Museker vum australesche Kontinent. Ee Museker ass zwar net weltberühmt, gëtt zwar vun hinnen all zanter Joerzéngten als nationalen Treasure gefeiert. Rieds ass vum Robert Forster. De Museker huet lescht Woch mat "Inferno" säi siwenten Album erausbruecht an ass dës Woch domadder Album vun der Woch um radio 100,7. Den Tom Dockal huet Explikatiounen.

"Whoop" ass ee fusch neien Titel vum éisträicheschen Elektro-Pop Duo Ant Antics, deen d'Spagat tëschent Pop a ClubMusek fäerdeg bréngt. Subtille Synthi Sound, eng gutt Portioun Melancholie a pertinent Lyrics, dat ass dem Anne Georges säi Fazit an anengems och säi Coup-de-Coeur.

"Dusty In Memphis" ass dës ganz Woch iwwer eisen Déjà vu Album vun der Woch gewiescht. All Dag huet de Fred Medernach op een Aspekt gekuckt vun dëser Dusty Springfield-Release, déi dëse Mount fofzeg Joer feiert. D'Interpretin selwer ass den 2. Mäerz 1999 u Kriibs gestuerwen.

Nieft dem Concertstipp, den Albume vun dëser an der nächster Woch an dem Philippe senger ganz perséinlecher Playlëscht, lafen déi bescht nei Indie- a Major Label Stécker, dorënner fusch nei Singelen ë. a. vu Mindchatter, Clinic, KH, Stella Donnelly, Flèche Love, Sasami a Kokoroko.

Rezent Emissiounen

  • Espresso Beats

    Dräi Stonne fusch nei Stécker, legendär Titelen, Invitéen, de Concertstipp, den Album vun der Woch, den Déjà-Vu a Coup de Coeuren

  • Espresso Beats

    Dräi Stonne fusch nei Stécker, legendär Titelen, Invitéen, de Concertstipp, den Album vun der Woch, den Déjà-Vu a Coup de Coeuren

  • Espresso Beats

    E Food For Your Senses Special

    Dräi Stonne fusch nei Stécker, legendär Titelen, Invitéen, de Concertstipp, den Album vun der Woch, den Déjà-Vu a Coup de Coeuren.

  • Espresso Beats

    Dräi Stonne fusch nei Stécker, legendär Titelen, Invitéen, de Concertstipp, den Album vun der Woch, den Déjà-Vu a Coup de Coeuren

  • Espresso Beats

    Dräi Stonne fusch nei Stécker, legendär Titelen aus de leschte fënnef Joerzéngten, Invitéen, de Concertstipp, den Album vun der Woch a Coup de Coeuren

  • Espresso Beats

    Dräi Stonne fusch nei Stécker, legendär Titelen aus de leschte fënnef Joerzéngten, Invitéen, de Concertstipp a Coup de Coeuren

  • Espresso Beats

    Dräi Stonne fusch nei Stécker, legendär Titelen aus de leschte fënnef Joerzéngten, Invitéen, de Concertstipp a Coup de Coeuren

Programm

  • E-Lodie

  • On air

    Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

Dossieren

  • Europawahlen 2019

    Vum 23. bis de 26. Mee gëtt an der EU en neit Europaparlament gewielt. Zu Lëtzebuerg gëtt Sonndes, de 26. Mee gewielt. De radio 100,7 bericht iwwer d'Kandidaten an d'Enjeue vun dëse Wahlen.

  • Festival de Cannes 2019

    Alleguer d'Artikele vum Festival de Cannes 2019.

Communiquéen

  • Un nouveau directeur pour la radio 100,7

    Lors de sa réunion du mardi 26 mars 2019, le Conseil d'administration de l'Établissement de Radiodiffusion Socioculturelle a nommé Marc Gerges comme nouveau directeur de la radio 100,7.

  • radio 100,7 revue par ses pairs

    A la demande de la radio 100,7, l'Union Européenne de Radio-Télévision a procédé à une "revue par les pairs" des opérations de la radio 100,7.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen