Konferenzen

Enregistrementer vu Konferenzen zu aktuellen Themen.

Forum Z vum 31.01.2019 - Who's afraid of the digital? © Université du Luxembourg

ForumZ - Who's afraid of the digital?

Who's afraid of the digital?  Dat war déi leedend Fro vum éischte Forum Z vum Joer 2019, organiséiert vum C²DH, der digitaler-historescher Unitéit vun der Uni Lëtzebuerg - a Partnerschaft mat dem radio 100,7 an dem House of Startups. 

An enger ongezwongener Atmosphär haten am House of Startups een Nomëtteg laang, ë. a. Curateuren, Enseignanten a Fuerscher hir Projete wéi op enger Foire dem Publikum virgestallt. D'Visiteure konnte sech u sechs verschiddenen Aarbechtsdëscher iwwer d'virtuell Realitéiten informéieren, wou déi neiste methodesch Trenden an Themeberäicher wéi Bildung, Fuerschung a Kultur presentéiert goufen.

An der Emissioun konzentréiere mir eis haaptsächlech op déi veschidden interaktiv Workshoppen, loossen dobäi hir Acteuren zu Wuert kommen a bedéngen eis do tëschent och emol mat digitalen Hëllefen, wéi mat engem Sproocheprogramm, deen eis eenzel Wierder oder Texter verliest.

Opgeholl a verschafft fir de radio 100,7 vum Carlo Link.

Linken zu de verschiddenen Themen-Beräicher vun dësem Forum Z:

- ADEM - Skill's Bridge: https://www.skillsbridge.lu/fr/

- Musée National d'Histoire et d'Art (Mnha), Visite 3D: https://www.mnha.lu/fr/Visites-en-3D   

- Musée Dräi Eechelen mat senge Kasematten, Visite 3D: http://www.m3e.public.lu/fr/visites-activites/Visites-3D/index.html

- Lëtzebuerg City Museum "Pierre-Ernest de Mansfeld comes alive": https://citymuseum.lu/news/pierre-ernest-de-mansfeld-comes-alive/

- Apple IIe - "Maps and Globes": https://www.c2dh.uni.lu/fr/thinkering/experimental-media-archaeology-featuring-apple-iie

- Digital Luxembourg: https://gouvernement.lu/fr/dossiers/2014/digital-letzebuerg.html

- Forum Z "Who's afraid of the digital?" https://www.c2dh.uni.lu/forum-z/hands-exploration-through-luxembourgs-virtual-and-real-landscapes-digital-developments

Forum Z vum 31.01.2019 am House of Startups - © Université du Luxembourg / Carlo Link

 

Rezent Emissiounen

Programm

Net verpassen

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • Kuriositéiten aus der Lëtzebuerger Sprooch

    Si oder hatt? Zwee oder zwou? Domat oder domadder? Lëtzebuergesch ass och fir Mammesproochler net ëmmer einfach. Mir ginn der Saach op de Fong.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen