Prisma

Thomas Koenig Gilles Retter Joel Holtzem

Aktuell philosophesch an ethesch Froen.

Maach wéi d'Leit, da geet et der wéi de Leit

Esou mengt et op alle Fall e bekannt Spréchwuert. Mee ass d'Wäisheet vun deem Sproch iwwerhaapt weise? Ass et wierklech esou clever, sech un déi aner unzepassen, wann ee säi Liewe wëllt liewen? Den Thomas Koenig huet sech gefrot, op et clever ass, aus der Roll ze falen.

Rezent Emissiounen

  • Natioun oder Unioun?

    Nationalismus, Kosmopolitismus, Federalismus? Wat ass ethesch gesi méi vernünfteg? A wat realpolitesch? Natioun oder Unioun - wat ass besser fir d'Géigner vun der EU?

  • Gëtt et eng Flicht ze hëllefen?

    Gëtt et eng Flicht fir Mënschen an Nout ze hëllefen? Soll oder muss ee sech bei der Bekämpfung vun Weltaarmut bedeelegen oder net?

     

  • Ëmweltschutz?

    Eng Analys vun der Fro, wat Ëmweltschutz haut ass?

  • Wéini ass eng Maschinn e Mënsch?

    Wei gi mir mat Maschinnen ëm, déi en eegent Bewosstsinn hunn? Musse mir déi net esou behandelen, wéi Mënschen? Wou ass d'Grenz tëschent Mënsch a Maschinn?

  • Alteritéit

    De Begrëff Alteritéit schwätzt vun eppes, dat esou verschidde vun eis selwer ass, datt mir et net verstoe kënnen. Mee wat genee sollt dat sinn? A wou fanne mir dat?

  • D'Laache vun de Mäerder

    Firwat laachen Terroristen a Massemäerder wärend an no hire schrecklechen Attentater? Wéi soll een dëst Laachen interpretéieren?

  • Leitkultur

    Leitkultur, Multikulturalismus oder Plurikulturalismus - Begrëffer, déi villsäiteg ze verstoe sinn. Wat verstoppt sech dohannert?

  • Verzicht

    Eng Analys vun der Fro: Wat ka Faaschte bréngen?

     

  • Maach wéi d'Leit, da geet et der wéi de Leit

    Ass dat ee Sproch, un deem ee säi Liewen ausriichten soll, oder net?

  • De Fussball

    Firwat faszinéiert de Fussball esou vill Leit iwwerall op der Welt? Wéi kann ee sech deen enorme Stellewäert vum Fussball an eiser Gesellschaft philosophesch erklären?

  • Negationismus

    Negationismus a Meenungsfräiheet, ass dat kompatibel? Kann een et verbidden, den Holocaust ze leegnen, ouni d'Recht op fräi Meenungsäusserung ze verletzen?

  • Wat ass Léift?

    Eng Analys vun der Fro, wat Léift haut kéint sinn? 

  • Eekel

    Wat ass seng Roll? Wéisou eekele mir eis? A wa mir eppes eekeleg fannen, ass dat ëmmer berechtegt?

  • Wat ass déi moralesch richteg Handlung?

    Kann ech erausfannen, wéini eng Handlung déi moralesch richteg ass?

  • Individuum oder Institutioun?

    Individuum oder Institutiounen? Wat ass méi wichteg an esou enger Bezéiung, wou béid Konzepter vuneneen ofhänken, an dann och nach variéiere kënnen?

Programm

Dossieren

  • Festival de Cannes 2019

    Alleguer d'Artikele vum Festival de Cannes 2019.

  • Europawahlen 2019

    Vum 23. bis de 26. Mee gëtt an der EU en neit Europaparlament gewielt. Zu Lëtzebuerg gëtt Sonndes, de 26. Mee gewielt. De radio 100,7 bericht iwwer d'Kandidaten an d'Enjeue vun dëse Wahlen.

Communiquéen

  • Un nouveau directeur pour la radio 100,7

    Lors de sa réunion du mardi 26 mars 2019, le Conseil d'administration de l'Établissement de Radiodiffusion Socioculturelle a nommé Marc Gerges comme nouveau directeur de la radio 100,7.

  • radio 100,7 revue par ses pairs

    A la demande de la radio 100,7, l'Union Européenne de Radio-Télévision a procédé à une "revue par les pairs" des opérations de la radio 100,7.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen