CD-Klassik

Nei Produktiounen aus dem klassesche Beräich a Suggestiounen fir Är Diske-Sammlung.

Pour le tombeau de Claude Debussy

Op hirem aktuellen Disk proposéiert d'Judith Jáuregui eng Liveopnam vun engem Concert, deen 2018 zu Wien opgeholl gouf. Ënner dem Titel "Pour le Tombeau de Claude Debussy" huet d'Pianistin nieft zwee Wierker vum impressionistesche Komponist och Stécker vun ënner anerem dem Franz Liszt an dem Frédéric Chopin regroupéiert. De Luc Boentges huet an dës Produktioun eragelauschtert.

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Net verpassen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen