Europa Aktuell

Danièle Weber

Als ee vun 27 EU-Memberstaaten decidéiert Lëtzebuerg net eleng iwwert seng Zukunft. Déi europäesch Politik an Economie hunn e groussen Afloss op dat, wat am Grand-Duché geschitt. Dënschdes an donneschdes um 07.20 an 08.20 Auer ginn et Hannergrënn iwwert déi aktuell Entwécklungen an der Europäescher Unioun. An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, deem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.

Brexit: Kritt Groussbritannien eng Verlängerung?

Genee 15 Deeg nach, dann trëtt Groussbritannien aus der EU eraus. Esou ass et virgesinn, allerdéngs ass et ëmmer méi onsécher, datt dat wierklech op deem 29. Mäerz, wéi virgesinn, geschitt.

Well datt de Brexit an d'Verlängerung geet, ass ëmmer méi wahrscheinlech. Wéi vill méi Zäit soll d'EU de Brite ginn? Ass eng vun de kriddelege Froen. An zu wéi enge Konditiounen? Gëschter gouf am Europaparlament doriwwer diskutéiert. Den Debat weist, dat d'Äntwert op déi Fro komplizéiert ass - an datt et um Enn wäert Chefsaach sinn, eng Decisioun ze huelen. Vu Bréissel, d'Danièle Weber mat Informatiounen.

 

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • Europawahlen 2019

    Vum 23. bis de 26. Mee gëtt an der EU en neit Europaparlament gewielt. Zu Lëtzebuerg gëtt Sonndes, de 26. Mee gewielt. De radio 100,7 bericht iwwer d'Kandidaten an d'Enjeue vun dëse Wahlen.

  • Sozialwahlen 2019

    Den 12. Mäerz ware Sozialwahlen. A ronn 3.800 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, goufen d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer goufen nei gewielt.

Communiquéen

  • radio 100,7 revue par ses pairs

    A la demande de la radio 100,7, l'Union Européenne de Radio-Télévision a procédé à une "revue par les pairs" des opérations de la radio 100,7.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen